Brasserie K116 – Historesch gutt

Brasserie K116 – Historesch gutt
Gastronomie

Wärend dobaussen nach fläisseg d’Terrasse fir de Summer virbereet gëtt, ass bannen an der Brasserie K116 d’Rou virum Stuerm. Et ass kuerz viru Mëtteg op engem sonnege Freiden, a wärend d‘Personal selwer eppes Guddes ësst, erzielt de Paul Schulté d’Geschicht vu sengem Restaurant. „Als Stack-Escher, ass meng Bezéiung zu dëser Plaz vill méi laang wéi déi zum Restaurant“, seet hien.

Ëm den Eck gewunnt

„Ech sinn zu Lalleng opgewuess, ongeféier 600 Meter vun hei a sinn also quasi em den Eck vum Schluechthaus grouss ginn“, erkläert hien. Mam Schluechthaus mengt hien de Site wou haut d’KuFa, d’Ratelach an d’Brasserie K116 ze fanne sinn. „Ech hu praktesch meng Jugend hei verbruecht, deemools wéi aus dem fréiere Schluechthaus eng Plaz fir Konscht a Kultur ginn ass“, erzielt de Paul. Dass et hien 2008 erëm géing heihi verschloen, wosst hien deemools awer nach net.

En neie Start

Et war nämlech 2008 wéi de Paul gefrot gi war, fir zesumme mat enger Rei aneren Associéen, Deel vum K116 ze ginn. „Se hu mech och wéinst menger Connectioun mat der Plaz hei gefrot. 2019 dunn hunn ech de Restaurant ganz iwwerholl a mat vill Aarbecht en neie Start gewot“, erkläert hien. D’Kiche gouf vergréissert, de Comptoir an d’Terrasse si renovéiert ginn, den Interieur gouf nei dekoréiert, d’Kaart ass nei ausgeschafft ginn a bis haut geet d‘Evolutioun ëmmer weider.

Modern a klassesch zugläich

Besonnesch op den Interieur ass de Paul houfereg. „Et gesäit een den historeschen Aspekt vun der Plaz un den Deeler déi mär nach erhalen hunn. Gläichzäiteg hu mär et mat modernen an awer passende Saachen ausgebaut“, seet hien. Och d’Kaart vun der Brasserie erfëllt déi zwee Krittären: „Et ass eng klassesch Brasserie’s Kiche mat engem modernen Twist an enger héijer Qualitéit.“ Besonnesch de Burger K116 ass beléift bei der multikultureller Clientèle an déi verschidde Spezialitéiten a Suggestiounen. Eng seriö Wäikaart mat raisonnabele Präisser komplettéiert d’Offer.

E roude Fuedem

D’Brasserie K116 begeeschtert virun allem duerch dee roude Fuedem deen sech duerch alles zitt. Dem Paul war et deemno och wichteg den historesche Flair deen hei ze spiiren ass, ze erhalen. „Et war ëmmer eng Plaz mat Traditioun an där sech d’Geschicht vun Esch erëmspigelt. Et ass eemoleg zu Esch an dat gutt Personal an déi exzellent Kichen droen hiren Deel dozou bäi.“ Freides a Samschdes Owes ass „d’Bud“ dann och „gerammelt voll“, wéi de Paul seet, wat net zulescht doru läit dass „ganz Esch hie kennt“. „Dat hëlleft natierlech wann ee vill Leit kennt an déi een ënnerstëtzen. Dat ass tippech fir Esch“, seet hien.

Niewebäi bedreift d’Brasserie K116 och nach e Foodtruck mat enger vereinfachter Kaart deen zum Beispill de Summer Bar vun der Kufa bedéngt. Heiansdo ass deen och anzwousch anescht am Asaz. D’Brasserie selwer kënnt och emol gäre bei privaten Evenementer, wéi Hochzäiten oder Firmefeieren, an d’Spill. Ausserdeem kann een och eppes bestellen a geliwwert kréien oder siche kommen, e Service dee wärend der Pandemie an d’Liewe geruff ginn ass an der Brasserie K116 an deenen Zäite vill gehollef huet.

Meng Stad, mäi Liewen

Fir de Paul, ass et quasi selbstverständlech zur gastronomescher Landschaft vun Esch bäizedroen. „Esch ass meng Stad, mäi Liewen an huet immens vill ze bidden. Och Esch2022 wäert menger Meenung no nach vill positiv Retombéeë fir Esch hunn“, seet hien. Dass de Paul begeeschtert vu „senger Stad“ ass, ass offensichtlech. Mat vill Häerzblutt setzt hie sech dofir an, dass d’Geschicht vun Esch net vergiess an d’Potential voll ausgelieft gëtt, virun allem an der Brasserie K116. „Esch ass en Deel vu mär an ech sinn en Deel vun Esch.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom