Bei de Minettsdäpp – D’Wierfel si gefall

Bei de Minettsdäpp – D’Wierfel si gefall
Gastronomie

Zu Esch an der Rue Berwart, nëmmen e puer Schrëtt vun der Stadhausplaz an der Gare, fënnt ee säit kuerzem e Café deen e bëssen anescht ass. Wien nämlech hei duerch d’Dier geet ass „Bei de Minettsdäpp“ an do gëtt virun allem „Spillen“ grouss geschriwwen. „Bei de Minsettsdäpp“ ass nämlech e Brietspillcafé a wat et domat op sech huet, erzielt d’Gerante, Jaqueline Poupart.

E Brietspillcafé?

Wie sech elo freet wat dat genau ass, deem soll gehollef ginn. „Et ass eigentlech wéi e normale Café wou ee kann hikommen, een drénken an a gudder Gesellschaft e bëssen Zäit verbréngen. Den Ënnerscheed ass dass mär immens vill Spiller hei hunn, déi d’Leit kënnen zesumme bei eis spillen“, erkläert d’Jacqueline. Do komme schonn eng ganz Rei Spiller zesummen, déi déi sëllege Regaler a Schief am Café fëllen. Bei sou engem grousse Choix kann et engem scho mol dronke ginn.

Do rullt de Wierfel

Et fënnt ee „Bei de Minettsdäpp“ alles wat ee sech ka virstellen. Vu klassesche Brietspiller wéi Cluedo a Monopoly bis Rollespiller wéi Dungeons & Dragons ass alles vertrueden. „Mär organiséieren och reegelméisseg bestëmmten Events wéi Rätselowender, e Pub-Quiz oder Puzzle-Nomëtteger. Déi si bis elo ganz beléift“, seet d’Jacqueline. An Zukunft plange si dëst och nach méi auszebauen, mat Krimi Dinner an änlechen Iddien. Hannert de Kulisse gëtt do scho ganz fläisseg dru getüftelt. Wie selwer hei wëll e bestëmmten Event ofhalen, kann de Café och an der Woch lounen.

Ëmmer bereet ze hëllefen

Et ass ee beim Choix vum Spill, a beim Spille selwer, awer net op sech selwer gestallt. „Et sinn eigentlech ëmmer Leit hei déi d’Clienten berode kënnen. Dat gehéiert och zum Konzept vu „Bei de Minettsdäpp“. Mär hëllefen de Leit gären e Spill fir si ze fannen, et ze entdecken, hinnen d’Spill ze erklären an si weider ze beroden“, erzielt d’Jacqueline. Deen een oder anere geet sech duerno da selwer d’Spill kafen fir et doheem weiderzespillen. Et ass also och eng gutt Plaz fir verschidde Spiller ze testen.

En neit Doheem

Besonnesch hëllefräich sinn d’Membere vu Social Gaming Luxembourg. Dat ass de Veräin, wou d’Iddi de Brietspillcafé ze grënnen entstanen ass. D’Jacqueline ass selwer Member am Veräin. Fréier hunn deem seng Membere sech reegelméisseg an engem normale Café getraff fir do hir Brietspiller ze spillen. „De neie Besëtzer vum Café war awer net esou begeeschtert vu Brietspiller an huet virgeschloe mär sollten eis anzwousch anescht treffen. Mär hunn du geduecht et wier gutt Iddi eng eege Plaz ze hunn.“ Sou ass d’Sich no engem neien Doheem fir de Veräin a seng vill Spiller ugaangen.

D’Minettsdäpp eroberen Esch

De Veräi selwer ass och aus dem Minett an no laanger Sich hu si dunn hei zu Esch hir nei Plaz fonnt. Säit der Erëffnung am Mäerz fanne sech reegelméisseg Spillbegeeschterter vun all Alter hei an, fir hirem Hobby nozegoen an einfach eng gutt Zäit bei engem Patt ze verbréngen. „Ech selwer sinn och Escher an houfereg eppes mat eisem Café zu eiser Stad bäizedroen. Dobäi kënnt nach, dass mär vill Wäert op Nohaltegkeet leeën. Den Interieur hu mär mam Architektebüro vum Carsten Zschauer ausgeschafft a gréisstendeels mat Miwwele vum Recyclingzenter ausgerëscht.“

Et ginn also vill Grënn d‘Minettsdäpp ze besichen an de Brietspillcafé selwer ze entdecken. Der Eroberung vun Esch steet deemno och näischt méi am Wee. Wéi sot de Caesar deemools? „D’Wierfel si gefall!“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom