Salon de Coiffure Antheo – All d’Detailer musse stëmmen

Salon de Coiffure Antheo – All d’Detailer musse stëmmen
Bien-être

Den Antonio Stregapede ass Coiffeur an der véierter Generatioun. Dat heescht, dass esou guer scho säin Urgrousspapp Hoer geschnidden huet. Den Antonio selwer féiert de Salon de Coiffure Antheo säit 1995 mat enger jonker, dynamescher Ekipp vun Härecoiffeuren.

Vu Klengem un

Als klenge Bouf huet den Antonio e groussen Deel vu senger Zäit am Salon vun sengem Papp verbruecht. „Den éischten Impakt fir mech war d’Ambiance am Salon. Dat huet mech vu Klengem u faszinéiert; d’Frëndschaften tëschent dem Coiffeur an de Clienten, d’Gespréicher. Dat wollt ech och weider bäibehalen“, erzielt hien. De Choix vu sengem Beruff war deemno séier getraff an sou huet hie mat 16 Joer, op de Spuere vu senger Famill, d’Léier als Coiffeur ugefaangen.

All Detail zielt

Mat 24 dunn, huet den Antonio säi Salon um Kuelebierg, an der Rue des Charbons, opgemaach. Säitdeem ass hien hei fest verankert. „Mär hunn e klenge sympathesche Salon hei. Am Ufank war et schwéier, mee no an no konnte mär eis etabléieren“, erkläert hien. Well et bei him an der Strooss awer net vill Passage gëtt, huet hie missen de Fokus op d’Detailer leeën. „Mär mussen d’Leit anescht op eis opmierksam maachen. Dofir ass bei eis de Service, d’Qualitéit vun der Aarbecht an d’Relatioun mat de Clienten am wichtegsten. All d’Detailer musse stëmmen.“

Sech Zäit huelen

Een Deel dovunner, ass sech fir all Client Zäit ze huelen. Sou dauert e Besuch beim Antonio a senger Ekipp och emol e bësse méi laang. „Dat ass net selbstverständlech an eisem Beruff. Oft gëtt een do wéi um Band ofgefäerdegt. Mär huelen eis Zäit, sou dass de Client sech entspane kann an hien optimal beroden an zerwéiert gëtt. Doduerch ass duerno d’Satisfaktioun fir jidderee méi grouss.“ Dobäi verkeeft den Antonio och nach eng kleng Gamme un héichwäertege Produiten, fir dass de Client doheem ka weider fir säin eegent Wuel suergen.

En Häresalon

De Salon de Coiffure Antheo ass e rengen Häresalon. Deemools hu si zu zwee ugefaangen an elo sinn si zu sechs Coiffeuren. „Mär hunn eis lues a lues vergréissert, mat guddem, kompetente Personal.“ Déi si wichteg, seet den Antonio, fir gutt kënnen ze schaffen. Schliisslech hu si Clienten vu ganz Esch an Ëmgéigend. „Mär hunn eng grouss Palette vu Clienten, déi ganz multikulturell ass. Dat ass och flott fir eis mat ganz verschiddene Leit ze schaffen.“ Als Escher Jong ass dat fir hien och eng vun de ville positive Säite vun Esch.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom