Wéi schmaacht d’Escher Pizza?

Wéi schmaacht d’Escher Pizza?
Gastronomie

Léift geet bekanntlech duerch de Mo, a verschidde Platen hunn déi ganz Welt eruewert. D’Pizza, zum Beispill, fënnt ee praktesch iwerall. Fir d’éischt gouf d’Wuert am Joer 997 dokumentéiert. Esou wéi mär se kënnen, ass se wuel am 18. oder 19. Joerhonnert zu Neapel entstan.

Zu Esch gëtt et säit enger Zäit elo eng nei Pizza, oder vill méi eng scho laang beléifte Pizza krut endlech een Numm, dee bei se passt, an déi fënnt och ëmmer méi Unhänger Riets ass natierlech vun der Escher Pizza, mat hirer onvergläichlecher Kombinatioun vu pikanter Salami, deftegen Anchois an aromateschem Knuewelek. Wéi schmaacht se dann elo? Fir dat erauszefannen war de Pizza-Fan Sully Prud’homme dëser Deeg an der Uelzechtstrooss ënnerwee. An dat ass natierlech e Fest fir Aen, Oueren an de Gaumen.

Falls Iech dat Loscht ginn huet selwer eng Escher Pizza ze schmaachen, da kënnt Dir dëst an ëmmer méiRestaurante zu Esch an an der Emgéigend maachen. Zu Esch kritt Dir se zum Beispill bei Pizza Enzo, Pizzeria Domanni, Il Sorriso, Ledys Food, La Porta Vecchia, Il Mangia Mangia – Lalleng, La Storia, Il Grano d’Oro, Pizza Terre Rouge, Smile Pizza Esch, Il Mangia Mangia – Centre, Da Mimi und Gino’s Corner.

Méi Informatiounen zur Escher Pizza ginn et och regelméisseg an hierer Fangrupp um Facebook, wou Frënn vun der Escher Pizza heefeg Fotoen a gutt Adressen wou ee se kritt ennerteneen austauschen: https://www.facebook.com/groups/538320104596426

Gudden Appetit!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom