Restaurant Welcome – Eng éierlech Kichen

Restaurant Welcome – Eng éierlech Kichen
Gastronomie

De Restaurant Welcome gëtt et scho säit 27 Joer zu Esch. 1995 huet den haitege Restaurant als Brasserie ugefaangen. „Als Café mat enger klenger Restauratioun ass en ëmmer méi gewuess a no fënnef Joer huet en sech an zwee gespléckt“, erkläert d’Raquel Simoes.

E Familljebetrib

Dem Raquel seng Elteren hunn deemools de Betrib gegrënnt an och zesumme gefouert. „Wéi mär dunn ëmmer méi Leit fir d’Restauratioun haten, hu meng Elteren op der anerer Säit vun der Strooss nach e Café iwwerholl. Déi heite Plaz ass zu deem Zäitpunkt komplett zum Restaurant ginn“, erkläert d’Raquel. Och haut nach besti béid Lokaler a lueden op e Patt oder e gudde Plat an.

Gutt gekacht

Dem Raquel säi Papp huet am Ufank an der Brasserie de „Leitao“ ugebueden, dat berüümte Fierkel ëm Spiiss. Et war dëst Rezept wat d’Clientèle no an no ugelackelt huet an innerhalb kuerzer Zäit wollt jiddereen hiert Fierkel schmaache kommen. „De Schrëtt e Restaurant doraus ze maache war du logesch fir meng Elteren“, erzielt d’Raquel. Am Restaurant Welcome kann een also eng klassesch mediterran Kiche mat ville portugisesche Spezialitéite genéissen.

Vill Choix

„Jidderee fënnt bei eis eppes wat him schmaacht“, seet d’Raquel. Ob Fleesch oder Fësch, béides gehéiert zu de Spezialitéite vum Restaurant Welcome. Besonnesch hire Picanha ass immens beléift. „D’Mëschung vum zaarten, gehäerzte Fleesch, zerwéiert mat vill Geméis gefält de Leit gutt. Oft komme si eran a froe mol keng Kaart“, erkläert hatt weider. Awer och Platen mat Schwéngefleesch oder Muschele si vill gefrot. „Et ass wichteg fir eis alles selwer ze maachen. Souguer d’Grompere schiele mär selwer, wat hautdesdaags seelen ass.“

Eng Escher Geschicht

Viru 46 war dem Raquel säi Papp op Esch komm. Ier hien d’Iddi hat eng Brasserie opzemaachen, huet hie jorelaang um Bau geschafft. Elo ass hie scho laang an der Pensioun an awer ass hien eigentlech ëmmer am Café Welcome Bis oder am Restaurant Welcome ze fannen a kuckt ob alles gutt leeft. Zu Esch fille si sech doheem an anzwousch anescht wunne kënnt fir si net a Fro. Bal 30 Joer ass d’Famill Lopes Simoes zu Esch an der Restauratioun täteg a begeeschtert säitdeem mat enger gudder, éierlecher Kichen. Tippesch Esch eben.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom