Eng Plaz an der Sonn

Eng Plaz an der Sonn
L'idée du weekend, Gastronomie

Et gëtt vill wat een zu Esch kann ënnerhuelen a vill Grënn hei Zäit ze verbréngen. Mat all de ville flotten Aktivitéiten an dëser Rubrik, vergësst een heiansdo déi offensichtlech Saachen. Firwat also net emol einfach e bëssen Zäit op enger oder méi vun de villen Terrassen zu Esch verbréngen? Insgesamt ginn et nämlech méi wéi 200 Terrassen zu Esch!

E grousse Choix

Wien sech also decidéiert de Weekend oder och an der Woch eng Terrass zu Esch opzesichen, huet hei d‘ „Qual vun der Wahl“. Als éischt steet natierlech d’Fro: wou zu Esch wëll een iwwerhaapt hin?

Am Stadkär kann ee gemittlech och d’Uelzechtstrooss, déi längste Foussgängerstrooss vum Land, mat senge ville Geschäfter entdecken. Um Campus Esch-Belval gëtt et déi eenzegaarteg Mëschung tëschent industrieller Vergaangenheet a moderner Zukunft ze bestaunen. Um Gaalgebierg an am Ellergronn kann ee vun der Rou an der Natur profitéieren, wärend zu Esch-Lalleng och eng Rei Bijouen ze fanne sinn.

Ënnerwee am Zentrum

An der Uelzechtstrooss an Ëmgéigend sinn dann och eng ganz Rei Terrassen ze fannen. Et gëtt zum Beispill den Drupi’s, deen ëmmer en Highlight ze bidden huet, de Pizza Enzo bei deem jidderee sat gëtt, den 24 Brunch & Cocktails wou ee scho Moies um 10 säi Gléck fënnt, den Il Caffettino dee mat enger ganz klenger mee charmanter Terrass an enger Niewestrooss waart, d’Chocolaterie vum Lola Valerius wou een e gudde Schocki genéisse kann, d’Yolo Shisha Bar wou d’Amateure vun der Shisha hirt Gléck fannen oder nach den Oishii mat sengem hausgemaachene Sushi.

Ob et fir z’iessen oder ze drénken ass, et ass also kloer dass et hei u Quantitéit a Qualitéit net feelt.

Tëschent Industrie an Educatioun

Wien sech léiwer um Campus Belval erëmdreift, dee fënnt och hei säi Gléck. Den Urban Belval bitt net nëmme gutt Cocktailer, mee och e gudde Choix u Platen fir all Goût. Beim Le’Tchiz gëtt et dann och net nëmmen ze drénken an z’iessen, mee och eng eemoleg Decoratioun a geleegentlech en DJ. Niewendrun fënnt een nach de Golden Bean fir e Kaffi, den Origami Belval mat enger asiatescher Kichen inklusiv vegane Platen, de Snooze Pub fir e Béier oder e Burger an nach Villes méi.

Dat Ganzt ëmgi vun den Héichuewen an den Iwwerreschter vun der Stolindustrie, déi sech hei perfekt an déi modern Landschaft vun der Uni Lëtzebuerg integréieren.

Rou an Natur

Wie sech léiwer fir Esch-Lalleng, de Gaalgebierg oder den Ellergronn entscheet, dee fënnt och hei säin Eck, besonnesch wann e sech e bëssen entspane wëll. Plaze wéi d’Schmëdd, d’Camping’s Stuff, d’Restaurante vum Seven Hotel, den Il Belvedere beim Tennis oder de Café Le Pirate suergen hei fir mol méi eng roueg, mol méi eng animéiert Atmosphär. Et lount sech hei also zum Beispill en Trëppeltour an der Natur, mat enger Paus op enger Terrass ze verbannen.

Dëst sinn natierlech just e puer vun den insgesamt 236 Terrassen déi et zu Esch ginn. A ganz Esch fënnt ee flott Terrassen an oft lount et sech och mol an eng Niewestrooss an engem Wunnquartier eranzegoen, fir eng sympathesch Adress ze entdecken. Ob een elo selwer vun Esch ass oder just kuerz op Besuch ass, wie gäre vum gudde Wieder profitéiert dee fënnt zu Esch ganz sécher seng Plaz an der Sonn (oder och am Schied).

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom