Airsoft & Military Shop – Déi richteg Ausrüstung

Airsoft & Military Shop – Déi richteg Ausrüstung
Shopping

De Patrick Rodrigues huet den 20. Mee, zesumme mat sengem Associé, dem Dirk, a senge Mataarbechter, den drëtte Gebuertsdag vun hirem Geschäft Airsoft & Military Shop gefeiert. Eng passionéiert Ekipp beréit a betreit hei hir Clientèle a Saachen Outdoor an Airsoft, en Hobby deen ëmmer méi beléift gëtt.

Richteg ausgerüst

„Mär sinn e Geschäft mat Geschier an Equipement fir dobausse Sport ze bedreiwen“, seet de Patrick. Sief et fir Survival oder Camping Aventuren, e Wandertour oder Sportschéissen, am Airsoft & Military Shop fënnt een alles: waasserdicht Rucksäck, robust Boxen, waarm Händchen, speziell Iso-Matten, oder Änleches. Wien also gären Zäit an der Natur verbréngt, dee fënnt hei wat e brauch.

Ausserdeem hu si och villes, wat bei der Police, der Douane, dem Militär oder bei de Pompjeeën zum Asaz kommen. „Et handelt sech also em Qualitéitswuer. A wann een eppes brauch wat mär net hei hunn, da kënne mär dat bestellen“, erkläert de Patrick weider.

En neien Hobby

Richteg liichten d’Aen am Airsoft & Military Shop awer, wann ee vun hirem Hobby schwätzt, deen allgemeng einfach „Airsoft“ genannt gëtt. Wichteg dobäi sinn natierlech d’Airsoft Waffen, déi mat Loftdrock funktionéieren. „Do muss een sech och streng un d’Legislatioun halen, besonnesch well d‘Material realistesch ausgesäit. Sou mussen si zum Beispill genau wéi richteg Waffen, ëmmer an enger gesécherter Këscht transportéiert ginn“, seet de Patrick.

De richtegen Ëmgang

Den Airsoft & Military Shop bitt hei e grousse Choix, a wann een eppes ganz spezielles wëll, da kënne si dat mat 3D-Drucker op Mooss ufäerdegen. „Dat ass eppes wat just mär maachen“, seet de Patrick. D’Ekipp vum Airsoft & Military Shop huet sech dann och d’Aufgab ginn fir hirer Clientèle de sécheren Ëmgang mat der Airsoft bäizebréngen, hinnen hiren Hobby ze weisen an net un all Mënsch eng ze verkafen. „Mär maache schonn e klenge Sondage am Gespréich mat de Leit“, sou de Patrick.

Seriöe Spaass

Vill vun de Clienten komme selwer aus dem Sécherheetsberäich, wéi der Police, verschiddene Security Firmaen oder souguer der Gemeng. „Si sinn och bal all an eisem Veräin Airsoft & Military Friends, wou mär zesummen eis Events organiséieren.“, seet de Patrick. Wa si sech treffen, übe si dann och heiansdo taktesch Drills a militäresch Formatiounen. Fir d’Memberen déi an deem Beräich schaffen, ass dat och eng Méiglechkeet fir an engem méi relaxe Kader e bëssen ze trainéieren.

„Et kann een dat Ganzt och mat Survival Aventuren, Camping oder Fësche verbannen. Dat Wichtegst ass dass een dobaussen ass, a sech gutt ameséiert.“ Wou een dofir déi richteg Ausrüstung kritt, ass jo dann och kloer: zu Esch am Airsoft & Military Shop.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom