Eisen Tipp fir de Weekend: Live, breathe and sleep guitars
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovun vir. Wéi wier et dann dës Kéier mat enger Ausstellung gefëllt mat elektresche Gittaren, Musek, Rock a nach vill méi?
Wourëms geet et?
D’Ausstellung a véier Deeler heescht „Live, breathe and sleep guitars – collection Luc Henzig“ an stellt virun allem d’Geschicht vun der elektrescher Gittar duer. Vun de Ufäng vun der Verstäerkung vum Instrument geet et iwwert seng Entwécklung, Standardiséierung bis zu sengem kommerziellen Erfolleg. Dës Evolutioun ass an véier grouss Etappen agedeelt a gëtt mat Hëllef vun de verschiddenste Modeller vu Fender a Gibson duergestallt. Sou kann een hei Gittaren an alle Faarwen a Formen entdecken, bestaunen an ënner Ëmstänn esouguer héieren.
E Programm ronderëm d’Sammlung
Nieft der Ausstellung selwer suergt Esch2022, an Zesummenaarbecht mat der Rockhal, dann och fir e spannenden, begleedende Programm. Et ginn Themenowenter mat Jam Sessions, Concerten an esouguer Treffe mam Luc Henzig organiséiert. Sou gëtt ee komplett an d‘Welt vun der Gittar entfouert. Jiddereen dee selwer Gittar spillt oder sech fir Musek interesséiert, kënnt hei sécherlech op seng Käschten.
Musek a Magie
„Live, breathe and sleep guitars – collection Luc Henzig“ iwwerdréit d’Magie vun enger Sammlung, an erzielt aus der Perspektiv vun de Sammler, Kuratoren, Museker a Visiteuren, déi an d’Sammlung mat agebonne ginn. Sou entsteet eng komplett nei musikalesch Erfarung. Als Museker ass e Besuch vun der Ausstellung also scho bal obligatoresch.
Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.