Den Escher Hondsveräin – Sechs Patten an een Häerz

Den Escher Hondsveräin – Sechs Patten an een Häerz
Découvrir

Den Escher Hondsveräin ass den eelsten Hondsveräin am Land. Um Gaalgebierg, net wäit vum Escher Geméisgoart, treffe sech hei all Woch Gläichgesënnter an trainéieren zesummen. An dësem Fall sinn dat Hondsfrënn an hir Kolleegen op véier Patten. A verschiddene Gruppen – Welpen, jonk Hënn an erwuessen Hënn – stinn hei verschidden Übungen um Programm.

 

Wéi dat ganzt ofleeft a wat d’Hënn hei léieren, gitt Där an eisem Video mam Malik Djebbar, President vum Veräin gewuer. Opgepasst, d’Muppe si wierklech immens léif. Passt op dass Där Iech net verléift!

Wien also selwer hondsbegeeschtert ass, sengem Mupp wëll e puer nei Saache bäibréngen oder sech grad iwwerleet en Hond unzeschafen a Froen zu senger Erzéiung huet, deen ass hei definitiv op der richteger Plaz.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom