Fresh Cut – Eng frësch Coupe

Fresh Cut – Eng frësch Coupe
Bien-être

De Clayton De Sousa kenne vill Leit zu Esch vum Fussball, wou de fréiere Jeunesse-Spiller meeschtens op der rietser Bande ze fannen ass. Wann hien awer net um Terrain steet oder sengem Beruff als Educateur nogeet, fënnt een hien dëser Deeg méi oft am Fresh Cut. Dëse Coiffeur Salon huet hie viru véier Méint mat sengem Associé Kevin Almeida opgemaach.

E frësche Wand

Wien hie just vum Fussball kennt, weess vläicht net dass de Clayton schonn ëmmer den Dram hat säin eegene Coiffeurs Salon opzemaachen. Am Dezember d’lescht Joer ass et op eemol séier gaangen. De Clayton huet eng Annonce fir e Lokal zu Esch um Internet gesinn an direkt zougeschloen. „Et ass alles ganz schnell gaangen a mär hu vill geschafft fir de Salon sou séier wéi méiglech prett ze maachen“, erkläert hien.

E flotte Bonus war och dass virdrun hei och schonn e Salon war, an d’Cheffin, d’Madamm Vivianne, frou war dass dat esou géing bleiwen. „Si huet sech gefreet dass zwou jonk, motivéiert Persounen hei hiren eegene Salon géingen opmaachen“, erzielt de Clayton.

E gutt Konzept

Fir dass et gutt leeft brauch een natierlech e Plang an och do bleiwen de Clayton an de Kevin um Ball. „Et war vun Ufank u kloer dass mär géingen e Salon fir jidderee maachen an net just fir Afrohoer zum Beispill. Bei eis ka jidderee kommen a mär hunn immens gutt Coiffeuren déi op verschidde Servicer spezialiséiert sinn“, seet hien. Sou fënnt een am Fresh Cut dann och eng variéiert Clientèle vun all Alter an allen Originnen, quasi e Spigelbild vun Esch also.

Eng konstant Evolutioun

Säit der Erëffnung viru véier Méint leeft et richteg gutt am Fresh Cut. Ëmmer méi Leit komme kucken a si vun de „freshe Cuts“ begeeschtert. Fir de Clayton ass dat awer kee Grond de Ball aus den Aen ze verléieren. „Mär mussen eis konstant weider entwéckelen. Mär schaffen do och schonn un e puer Nouveautéiten, déi ech nach net wëll verroden.“, seet de Clayton. Eng gesond Astellung, déi de Clayton aus dem Fussball matbréngt. „Och do muss een ëmmer trainéieren a sech pushen, fir dass de Succès bleift“, mengt hien a laacht.

De Ball muss rullen

Als Escher Jong, läit dem Clayton vill u senger Stad. Dat mierkt een dorun, dass hien ëmmer erëm op d’Thema Esch kënnt. „Esch ass alles fir mech. Esch ass schwaarz-wäiss.“ Ennersträicht de fréiere Jeunesse-Spille a fiert wieder:  „Ech sinn hei gebuer, hei opgewuess. Meng ganz Jugend hunn ech zu Esch verbruecht. Ech hunn hei Fussball gespillt. Et ass eng Stad déi vill ze bidden huet, mee et muss nach méi bougéieren. Mär brauchen nach méi jonk, motivéiert Leit déi eppes Flottes maachen“, seet hien.

Vläicht léisst jo deen een oder aneren sech vum Clayton senger Geschicht inspiréieren a kritt den néidegen Ustouss, fir dass de Ball an d’Rulle kënnt. All déi aner, wëssen elo wou se déi frëschste Coupe zu Esch kréien.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom