Metzeschmelz – Wou Konscht a Geschicht verschmëlzen

Metzeschmelz – Wou Konscht a Geschicht verschmëlzen
Culture

Den Théid Johanns, CUEVA-Member vun der éischter Stonn, sëtzt gemittlech op sengem Stull am Schied um Areal vun der Metzeschmelz, wärend ronderëm bei 35 °C den Asphalt tëschent de risege Produktiounshalen erhëtzt gëtt. „Als Kënschtlerkollektiv geet et drëms dass net jiddereen säin eegent Brout baakt, mee dass mär zesummen eis Kräfte bündelen“, seet hien. Op dësem grousse Site hu si sech dann och verdeelt, sou dass de Visiteur ugereegt gëtt op eng kleng Entdeckungsrees ze goen.

Wourëms geet et?

D’Metzeschmelz, dat ass op éischter Plaz emol eng Fabrick, oder méi genau eng Schmelz. Respektiv war et dat fréier. Um risegen Areal wou de Léon Metz 1871 den Industriestanduert Esch-Schëffleng gegrënnt huet, stinn hautdesdaags just nach d’Iwwerreschter vun der gigantescher Produktiounsanlag wou deemools de Stol gefloss ass. An dëser eenzegaarteger Kuliss, déi mol obskuer, mol post-apokalyptesch wierkt, suergt de Kënschtlerkollektiv CUEVA fir eng Entdeckungsrees wéi een se esou nach net erlieft huet.

Eng Entdeckungsrees

„D’Graffitien déi ee gesäit ware virdru schonn hei. Eis Kënschtler sinn deelweis och baussen ze gesinn, mee mär sinn hei op verschidde Raim verdeelt. Sou kann ee vu Raum zu Raum goen an ëmmer op e Neits iwwerrascht ginn“, seet den Théid. Op déi Aart a Weis, gëtt d’Metzeschmelz schonn éischter zu engem Evenement wéi enger Ausstellung, an et kann een op eege Fauscht d’Raim an d’Wierker vun de Kënschtler entdecken. Ausserdeem, kann ee sech och eng (non-alkoholesch) Erfrëschung geneemegen oder geleeëntlech hei e Concert besichen.

„Net an d’Täsch vun de Leit“

„Ganzer 61 Kënschtler weisen an Tëschenzäit op der Metzeschmelz hir Saachen, woubäi mär mat 32 Artisten ugefaangen haten. Elo fir d’Rentrée schrauwe mär d’Programmatioun nach eng Kéier an d’Luucht, fir d‘Visiteuren zeréckzebréngen. Sou kënne si hei nei Saachen entdecken“, erkläert hien. Dat Ganzt kascht keng Entrée an et gëtt näischt ze kafen. „Wie wëll, kann eppes an eis Këscht geheie, mee mär ginn net an d’Täsch vun de Leit“, ergänzt hien. Samsdes a sonndes, vun 10 Auer moies bis 8 Auer Owes, kann een deemno d’Metzeschmelz entdecken.

Eng „kreativ Nues“

Fir den Théid ass dëst ganz wichteg. Et geet him virun allem drëms eng nohalteg Approche zur Konscht ze schafen. „Et geet hei ëm d’Konschtzeen, d’Kontakter déi ee knäppt, eng Beweegung ze schafen. Et ass Konscht déi net elitär ass, mee approchabel fir jiddereen. Et weist dass all Mënsch Konscht ka maachen“, seet hien. Dobäi kënnt de Fait dass ee kann an e Site eragoen, wou een normalerweis net erakënnt. Et erlieft een dobäi eng Säit vum Minett, vun Esch déi ee vläicht nach net kennt, seng „kreativ Nues“ wéi den Théid se nennt.

En Erliefnis

CUEVA brengt um Site vun der Metzeschmelz eng kreativ, fantastesch a verspillten Nout an e Site dee vu brutalistescher, industrieller Architektur gepräägt ass. An der brennender Hëtzt vum Summer 2022, entsteet sou en Erliefnes wat schwéier ze replikéieren ass, an op eng komplett transparent, demokratesch a kollektiv Aart a Weis entstanen ass. „Do wou fréier de Stol gemaach ginn ass entsteet elo Konscht a Kultur“, resuméiert den Théid. Fir d’Stad Esch, eng eenzegaarteg Beräicherung, déi jiddereen, ob Escher oder net, erliewe sollt.

D’Metzeschmelz leeft nach bis den 30. Oktober, an ass ëmmer Weekends vun 10:00 bis 19:00 Auer op.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom