Musée “De Schmelzaarbechter” – E Stéck Escher Geschicht

Musée “De Schmelzaarbechter” – E Stéck Escher Geschicht
Découvrir, Culture

Scho viru méi wéi 2000 Joer gouf an eise Géigenden Äerz verschafft. Spéider, a wärend 130 Joer, war de Site vun der Metzeschmelz (spéider Arbed Esch-Schëffleng) e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Industrie. Um Héichpunkt vun der Stolindustrie hunn hei 2600 Schmelzaarbechter op ongeféier 60 Hektar geschafft. Och den Alain Günther war senger Zäit Deel vun dëser Ekipp. Hautdesdaags bedreift hie mat enger Dose Fräiwëlleger vun der Amicale Schëfflenger Kolonien de Musée „De Schmelzaarbechter“ an hält domat e Stéck Escher Geschicht um Liewen.

Op der richteger Plaz

An engem Gebai um Site vun der ARBED Esch-Schëffleng selwer, fënnt ee dëse Musée, dee sech ganz ëm d’Theema Schmelz a virun allem de Schmelzaarbechter selwer dréit. Déi Fräiwëlleg vun der Amicale Schëfflenger Kolonien hunn hei eng ganz Rei Objete gesammelt, déi dës Geschicht ganz praktesch weisen. Heimat kann ee sech e klengt Bild dovunner maache, wéi fréier hei geschafft ginn ass.

Vill ze kucken

D’Relikten vun der Zäit vum Stol, déi een hei bestaune kann, kommen an alle Gréissten. Vu klenge Personaldokumenter oder Aarbechtsgeschier bis zu Schutzkleedung, Maschinnen a Maschinnendeeler. „Et ass wichteg dass een d’Saache selwer gesäit, well dat ëmmer méi reell an direkt ass wéi eng Foto oder wann ee just dovunner zielt“, erkläert den Alain Günther. Trotzdeem ginn et natierlech och vill interessant Fotoen, déi ënner anerem weise wéi ganz fréier hei geschafft gouf.

Zäitzeien

E groussen Deel vun der Ausstellung lieft och duerch d’Passioun vun de Fräiwëllegen. Dem Alain seng detailléiert Erklärungen a lieweg Erzielungen, maachen e groussen Deel vum Charme vum Musée aus. Mat vill Passioun erzielt hien net nëmme vun der Geschicht vun der Schmelz, mee och vu senger eegener Geschicht als Schmelzaarbechter. Wie gutt oppasst fënnt souguer vläicht säin Numm op engem vun den Objeten.

De Generalstreik 1942

An engem zweete Gebai, fënnt een nach méi Stolgeschicht. Hei fënnt ee net nëmmen e groussen Deel iwwer de Generalstreik  1942, en Theema wat der Amicale natierlech besonnesch um Häerze läit. „Mär hunn och en alen Honnerter-Schäin, dee wärend dem Krich am Héichuewe sollt verbrannt ginn. De Schmelzaarbechter deen do war, wosst awer wéini e nach kéint gerett ginn a sou sinn dës erhale ginn, just mat e puer verbrannten Ecker“, erkläert den Alain.

Wéi deemools

Momentan sinn déi Fräiwëlleg vum Musée Schmelzaarbechter och fläisseg um schaffen. Am zweete Gebai ginn eng Rei Raim nogebaut, esou wéi se fréier ausgesinn hunn. „Mär hunn zum Beispill e Büro vun engem Direkter mat echte Géigestänn nogebaut. Och eng Infirmerie si mär am gaangen anzeriichten, esou wéi verschidden Atelieren. Do fënnt een dann och dat originaalt Geschier an déi passend Maschinnen“, seet den Alain.

Begeeschterung

De Musée begeeschtert, besonnesch duerch d’Begeeschterung déi d’Fräiwëlleger vun der Amicale an all Detail stiechen, an déi Valeuren déi och domat zesummenhänken. Wie sech also fir dëse wichtegen Deel vun der Escher Geschicht interesséiert, sollt op allefalls hei op e Besuch laanschtkommen. De Musée „De Schmelzaarbechter“ ass all éischte Samschde vum Mount, vu 14:00 bis 18:00 Auer op. Et kann een awer och op Rendezvous eng guidéiert Visitt organiséieren.