Les Frères – Op Besuch bei de Bridder

Les Frères – Op Besuch bei de Bridder
Gastronomie

Den David an den Dylan Nissan bedreiwen zesummen de Restaurant „Les Frères“ an der Uelzechtstrooss. 2016 war et hir Mamm déi d’Iddi fir de Numm hat. „Et ass jo och e Familljebetrib, wou jiddereen hëlleft. Och meng Elteren“, erkläert den David. Dëse familiären Aspekt spiert een och direkt, wann een hei op Besuch ass.

Eng Traditioun

2002 ass d’Famill Nissan zu Lëtzebuerg ukomm. D’Léift fir d’Gastronomie hu si aus hirer Heemecht matbruecht. De Papp hat zu Bagdad e grousse Restaurant mat véier Deeler, ënner anerem fir Kaart ze spillen oder natierlech fir z‘iessen. „Dee Restaurant war ganz bekannt an esou grouss wéi zwee Fussballterrainen. Mäi Papp war de Patron, meng Mamm huet an der Kiche geschafft, an ech hunn owes gehollef déi iwwer 1000 Still ze raumen“, erënnert sech den David.

Spezialitéiten aus dem Mëttleren Osten

Bei „Les Frères“ proposéieren d’Bridder dann och eng Kichen, wéi si se vun doheem kennen. „Et ass eng original, traditionell irakesch Kichen, esou wéi meng Mamm se kacht. Dat ass authentesch a gëtt et soss néierens am Land“, seet den David. Besonnesch beléift sinn déi verschidde Platen um Mëttegdësch (Plat du Jour), déi d’Mamm all Dag kacht. „Dat si Platen mat verschiddenen Zorte Räis, an dann all Dag eppes anescht dobäi. Mol Fësch, mol Poulet, asw“, erkläert hie weider.

Déi richteg Mëschung

Verschidde Platen sinn och eng Mëschung aus ënnerschiddlechen Aflëss. Sou kritt een zum Beispill eng irakesch Versioun vum Kebab, mat enger Zooss déi selwer all Dag frësch gemaach gëtt. „Mär hu souguer Clienten, déi extra vun Diddeleng kommen, just fir eis Zooss ze kafen,“ erzielt den David houfereg. Och aner Geriichter verbanne verschidde regional Kiche mateneen, sou dass een als Client ëmmer eppes fir säi Goût fënnt. Et si frësch Platen, bei deene virun allem d’Mamm op déi beschte Qualitéit Uecht gëtt. Um Schluss vum Dag ass och bal ëmmer alles fort.

Mam Fussball op Esch

Als Bouwen, waren den David an den Dylan och scho gären zu Esch ënnerwee. „Mär sinn ëmmer op de Brill komm, an hunn do mat anere Kanner Fussball gespillt. Do war ëmmer eng lass“, soe si. Och haut nach sinn déi zwee frou hei hire Restaurant ze féieren, an der längster Foussgängerstrooss vum Land. „Esch ass eng Stad déi konstant evoluéiert. Den neie Bus hei an der Uelzechtstrooss ass zum Beispill flott fir Leit déi net gutt ze Fouss sinn“, soe si. A fir Leit, déi gären op kulinaresch Entdeckungsrees ginn, ass „Les Frères“ méi wéi flott.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom