Musée National de la Résistance et des Droits Humains

Musée National de la Résistance et des Droits Humains
L'idée du weekend

No véier Joer Aarbechten, ëmpfänkt de  Musée National de la Résistance et des Droits Humains säit dem 30. Abrëll erëm Visiteuren an engem moderniséierte Gebai mat neien Ausstellungen an ass domadder definitiv grat elo nach ëmmer e Besuch wäert. Dofir ass hien ee vun de ville  Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech jo an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir..

De Krich

Déi permanent Ausstellung am Musée National de la Résistance et des Droits Humains (kuerz MNR) dréit sech ëm eng Rei Sujeten ronderëm den Zweete Weltkrich: d’Zäit tëschent den zwee grousse Kricher, d’Liewen an der Diktatur, d‘Repressioun, d’Reaktioune vun der Bevëlkerung, d’Strukture vun de Nazien, d’Konzentratiounslageren, den Holocaust an d’Zäit nom Krich.

Dozou gëtt et en Deel iwwert d’Mënscherechter an den ziville Widderstand, deen dat Ganzt ofronnt. Eng Ausstellung déi sech géint Vergiesse stemmt, an domat gläichzäiteg géint d’Widderhuele vun de Schrecke vun där Zäit.

Geschicht a Géigewaart

Nieft der permanenter Ausstellung, fënnt een hei och reegelméisseg Ausstellungen zu aktuellen Themen am Zesummenhang mat de Mënscherechter. Vum 3. September bis den 30 Dezember steet d’Ausstellung „Ecce Homo“ um Plang, déi zweet grouss Ausstellung am Kader vun Esch2022. Dës dréint sech ëm déi visuell Wierker vum Bruce Clarke an Danz-Interventioune vum Tebby Ramasike.

Thematesch läit de Fokus hei op de Konsequenze vu Krich, Genozid a Gewalt, sou wéi d’Resistenz an d’Resilienz vun den Affer. Dozou gehéieren och eng ganz Rei artistesch Atelieren, Konferenzen sou wéi pedagogesch Aktivitéiten, sou dass et sech hei och ëm en interaktive an intergenerationelle Projet handelt.

Erënnerung

Och Evenementer gi vum MNR organiséiert a gefouert. Ee ganz wichtegen a spannenden Deel dovun ass de „Parcours de la Mémoire“, deen eng Iwwersiicht iwwert d’Geschicht vun der Stad Esch wärend dem Krich gëtt. Besonnesche Wäert gëtt hei op d’Occupatioun vun de Nazien an d’Resistenz geluecht, mat engem Fokus op déi jiddesch Communautéit. Hei kommen och d’Stolpersteng an d’Spill, déi op hir Schicksaler opmierksam maachen. Dëse Parcours kann een op Demande mat engem Guide vum MNR organiséieren, oder mat der izi.Travel App och op eege Fauscht begoen.

Eng Visitt

Wéi ee gesäit, gëtt et am MNR villes ze entdecken, wat net nëmmen interessant mee och zu eiser haiteger Zäit ganz aktuell an domadder och nach ganz wichteg ass, vläicht esouguer méi wéi jee. Wie sech also fir Geschicht interesséiert, Aktualitéit an een historesche Kontext anuerdne wëll oder méi iwwert d’Zäit ronderëm den Zweete Weltkrich a seng Konsequenzen an alle Beräicher vum Liewen wëll léieren, ass beim MNR op der richteger Plaz.

De Musée ass vun dënschdes bis sonndes vun 10 bis 18 Auer op, an donneschdes esouguer bis 19:30 Auer. D’Entrée ass 5 Euro, woubäi een och verschidde Remise ka kréien. Och guidéiert Visitte si méiglech. All d’Detailer heizou fannt Dir um offizielle Site.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©MNRDH

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom