Lutte Contact Esch – Volle Kontakt

Lutte Contact Esch – Volle Kontakt
Sport

Méindes owes géint 8 Auer waart de Philippe Legrand op seng Sportler. E puer vun de Membere sti bei der Dier fir déi nei Memberen ze begréissen an an déi richteg Richtung ze guidéieren. Et ass eng frëndschaftlech a kollegial Stëmmung, déi och spéider net verluere geet, wann et bis mam Kampfsport-Training bei Lutte Contact Esch lassgeet.

Kampfsport

Lutte Contact Esch gëtt et säit 2016. De Philippe Legrand ass vu Beruff Mathésproff an huet jorelaang Erfarung am Kampfsport, virun allem der „boxe anglaise“ an an der „box française“. Lutte Contact dréint sech awer virun allem ëm de „Mixed Martial Arts“ (kuerz MMA), also dee Kampfsport wou verschidden traditionell a modern Disziplinne gläichzäiteg zum Asaz kommen. Dofir gëtt et fir all Disziplin op mannst ee spezialiséierten Trainer. „Fir gutt am MMA ze ginn, muss een all Disziplin beherrschen,“ seet de Philippe.

Training

Spéider am Sall ginn eng Kéier d’Reegelen erkläert an de neie Wocheplang ugekënnegt. Zwou Gruppe bereede sech fir – déi eng fir Boxen ze trainéieren, déi aner de „Grappling“ Deel vum MMA. Dat si Grëffer a Beweegunge fir de Géigner ze destabiliséieren an op de Buedem ze kréien. „Et kann een och just eng Disziplin bei eis trainéieren. Mär bidden MMA, Lutte, Thaiboxen, „boxe anglaise“ a souguer „lutte greco-romaine“ un. Wann een awer MMA wëll maachen, da muss een alles trainéieren. Mär proposéiere just kee Fitness Boxen oder esou, bei eis geet et reng ëm den Training fir kompetitive Kampfsport. Et kann awer jidderee matmaachen, dee wëll“, erkläert de Philippe.

Déi néideg Disziplin

Dem Philippe ass et och wichteg, déi néideg Disziplin unzeschwätzen. „Eise Sport huet e schlechte Ruff, mee mär trainéiere keng Raudien. Dat gëtt bei eis net toleréiert“ seet hien. Och soss ass hien e bëssen enttäuscht, dass de Kampfsport kee gudde Ruff genéisst an si dowéinst kaum Ënnerstëtzung kréien. „Mär hunn am Kampfsport zu Lëtzebuerg Athleten déi international op immens héijem Niveau kämpfen, wéi zum Beispill de Yann Liasse oder den Issa Isakov. Ech fannen dat gëtt vum Grand Public net deementspriechend gewürdegt“, seet hien.

Voll Passioun

Trotzdeem ass hien, genau sou wéi seng Traineren a Sportler, mat Häerz a Séil dobäi. D’Memberen hunn sech an Tëschenzäit an zwou Gruppen opgedeelt, waarm gemaach a ginn hiren Übungen no. D’Trainere behalen alles am Aen a ginn Erklärungen, Tipps oder nei Übungen fir ze maachen, jee no Niveau vun de Leit. „De Präis fir Member ze gi läit bei 400€ pro Persoun pro Joer. Fir Studente bidde mer eng Remise un. Da sinn et nach 250€. Do kann een dann un all den Traininge vu Lutte Contact deelhuelen. An dat sinn der net wéineg“, seet de Philippe.

Wuesstem

Mixed Martial Arts gewënnt ëmmer méi u Popularitéit. Sportler, wéi den Anderson Silva oder de Khabib Nurmagomedov, déi an der UFC (Ultimate Fighting Championship) untrieden, sinn an Tëschenzäit international Staren, änlech wéi Museker a Schauspiller. „Et interesséieren sech ëmmer méi Leit fir eise Sport. Mär hu momentan ëm déi 50 Memberen an hoffen dëst Joer op 100 ze kommen. Déi meescht kommen aus der Géigend oder aus dem noe Frankräich, mee Verschiddener kommen och vu ganz wäit fir bei eis ze trainéieren“, erzielt de Philippe.

Wie sech dofir interesséiert kann un zwee Traininge gratis deelhuelen, fir ze kucken ob et engem gefält. A wie weess, vläicht gesäit ee jo deemnächst en Escher am berüümten Octagon vun der UFC.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom