Café des Langues – En Austausch a geselleger Ronn

Café des Langues – En Austausch a geselleger Ronn
Découvrir

Ab Oktober ass et erëm esou wäit: de Café des Langues fënnt erëm statt. Dësen Event vum Service de l’Egalité des chances, ass déi perfekt Plaz fir Sproochen an enger geselleger Ronn ze üben.

Café des wat?

D’Konzept vum Café des Langues gëtt et op der ganzer Welt. Et geet drëms sech ronderëm engem Kaffi oder enger Taass Téi zesummenzefannen, Bekanntschaften ze maachen a sech an enger bestëmmter Sprooch ze ënnerhalen. Dëst kann eng Mammesprooch sinn oder eng Sprooch déi ee geléiert huet an déi ee wëll erëm opfrëschen. Sou gi gläichzäiteg Sproochekenntnisser an den interkulturellen Austausch gefërdert.

Kee Sproochecours

Et handelt sech beim Café des Langues allerdéngs net ëm e Sproochecours. Jidderee ka fräi iwwer Theme schwätzen déi een interesséieren. D’Participantë kënne sech dobäi awer géigesäiteg hëllefe Wieder ze fannen, mee sollten déi aner net permanent corrigéieren. Mär si jo net an der Schoul.  Et sollt een och e gewëssen Niveau (B1.1) an der Sprooch hunn, déi ee wëll schwätzen.

Mateneen

D’Iddi fir de Café des Langues ass 2016 entstanen. Am Kader vun der Elaboratioun vum Plan Communal d’Intégration (PCI) goufe verschidden Atelieren organiséiert. Doropshin ass e Questionnaire ausgeschafft ginn deen un all d’Participante geschéckt ginn ass. Baséierend op de Resultater ass dunn decidéiert gi fir zweemol am Mount e Café des Langues ze organiséieren, wou d’Bierger matenee kënnen a verschiddene Sproochen diskutéieren. Sou kommen hei reegelméisseg Leit vun all Alter an Origin zesummen, fir hir Sproochen ze üben.

Organisatioun

D’Sproochen déi proposéiert ginn, hänke vun de Participanten of. Bis elo goufe Lëtzebuergesch, Franséisch, Italienesch, Däitsch, Englesch a Spuenesch ugebueden. Et gouf och emol eng Initiativ fir portugisesch a russesch, mee et huet een net genuch Participante fonnt, déi déi Sprooche schwätze konnten. De Café des Langues proposéiert och all Kéiers zwou Seance mat dräi Dëscher fir fënnef bis sechs Persounen: eng vun 19 bis 19:45 Auer, an eng vun 19:45 Auer bis 20:30 Auer.

Detailer

Weider Informatioun an d’Sproochen déi ugebuede ginn, fannt Där op www.facebook.com/EgaliteEsch/. D’Aschreiwung iwwer egalitedeschances@villeesch.lu ass obligatoresch. Déi nächst Datumer sinn den 12. a 26. Oktober, den 9. an 23. November, sou wéi de 7. an 21. Dezember 2022. De Café des Langues ass och ëmmer op der Sich no Benevollen déi Loscht hu vun Zäit zu Zäit en Dësch vum Café des Langues ze animéieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom