Cloud Factory – Wollekege Genoss an der Uelzechtstrooss

Cloud Factory – Wollekege Genoss an der Uelzechtstrooss
Gastronomie

An engem vu senge Pizza Workshoppen, huet de Francesco Micillo de Maurice Delcourt an den Tom Zigrand kennegeléiert. Et huet direkt geklickt tëschent hinnen an e puer Méint drop, hu si zesummen d‘Cloud Factory am Stater Neiduerf opgemaach. Knapp zwee Joer duerno, huet hiren zweete Restaurant an der Uelzechtstrooss hir Dieren opgemaach: d’Cloud Factory Esch ass gebuer a luet an op eng wollekeg Pizza.

Neapolitanesche Genoss

D’Konzept vu Cloud Factory ass einfach: original Pizza vu Neapel zu Lëtzebuerg. Dohier kënnt och de Numm, well de fluffegen Deeg vun der traditioneller neapolitanescher Pizza u Wolleken erënnert. „D’Konscht läit an der Maturatioun vum Deeg. Dee muss genau un d’Raumtemperatur, d’Loftfiichtegkeet, d’Aciditéit vum Waasser a sou weider ugepasst sinn“, erkläert de Francesco.

D’Resultat ass en eenzegaartegen Deeg, deen ee soss eigentlech just aus der Vakanz zu Neapel kennt.

Déi beschten Ingredienten

Dass op dësen Deeg nëmmen déi bescht a frëschsten Ingredienten aus Italien dropkommen, erkläert sech vum selwen. „Et ass d’Opmierksamkeet bei all den Detailer deen d’Qualitéit vun der Pizza ausmécht. An dat ass dat Wichtegst. Et gëtt néierens gespuert fir Profit ze maachen“, seet hie weider. Sou fiert de Fournisseur weekends op de Bauerenhaff an Italien fir d’Wuer da schonn dënschdes an d’Cloud Factory ze bréngen.

Sou sinn all Delaien dertëschent a Lagerungen ausgeschloss. „Mir hu mol keen Tifküler, well mir kee brauchen“, seet de Francesco.

E schnelle Succès

De Succès war direkt do. D’Clienten hunn de fluffegen Deeg an déi originell a frësch Pizza Variatiounen mat oppenen Äerm a Mënner empfaangen. Och zu Esch kann een an den éischte Woche vun engem Succès schwätzen. „Esch war en natierleche Choix fir eis, och wéinst där ausgepräägter Street Food Kultur déi et hei scho gëtt an der historesch grousser italienescher Communautéit hei. Do passe mär gutt eran“, seet de Francesco.

Och an der Uelzechtstrooss fille si sech ganz wuel a koumen direkt mat den Escher a Kontakt. Selbstverständlech kritt een och an der Cloud Factory hieren zwou Filialen, zu Esch an am Stater Neiduerf d’Escher Pizza mat schaarfer Salami, Knuewelek an Anchoiën.

Op der richteger Plaz

D’Escher komme gäre laanscht an d’Cloud Factory a schwätze mam Personal. „Si interesséiere sech wierklech fir dat wat mer maachen“, erzielt de Francesco. Déi positiv Stëmmung vum Personal iwwerdréit sech och op d’Clienten. „Mär si frou hei ze sinn, well d’Stad Esch an eisen Aen eng Aart Renaissance erlieft. Mär gesinn d’Potenzial vun der Stad an déi positiv Entwécklung“, ergänzt de Maurice.

Eng Entwécklung déi sech ënner anerem och doduerch ausdréckt, dass een an der Uelzechtstrooss elo den absolutte wollekege Genoss fënnt – an der Cloud Factory.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom