L‘Espérance Esch – E Plus fir Kierper a Séil

L‘Espérance Esch – E Plus fir Kierper a Séil
Sport

Den Turnveräin L‘Espérance Esch ass  1913 am Neiduerf als renge Männerveräin entstanen. 1983 sinn dunn och Fraen dobäi komm. Hautdesdaags bitt de Veräi vill verschidde Coursë fir all Altersklassen un an zielt am Ganzen ongeféier 450 Memberen.

Eng Transitioun

D’Tessy Alesch, Presidentin vum Veräin, ass scho säit 1985 dobäi. D’Männer déi ee fréier oft op Fester gesinn huet wéi si Pyramide mat de Still gemaach hunn, gesäit een elo allerdéngs net méi. Wéi 1983 d’Fraen an de Veräi koumen, hu si lues a lues d’Männer verdrängt. Déi sinn hautdesdaags nämlech an der Minoritéit. „Ech hunn duerch meng Mamm deemools ugefaangen an deen Iwwergang materlieft. Dat war scho komesch“, erzielt d’Tessy.

Verschidde Coursen

Hautdesdaags falen d’Course vun der Espérance Esch a verschidde Kategorien: Turnen, Danzen, Trampolin, Cheerleading, Fitness, Loisirs, asw. Och méi nei Saachen  gi  reegelméisseg am Repertoir mat opgeholl. „Am Danzen hu mär do zum Beispill den Urban Dance Mix oder Hip Hop fir Kanner, déi och beléift sinn. Dobäi kënnt nach Sophrologie wat manner Sport ass. Do geet et drëms sech 50 Minutte laang ze entspanen a sech mat sech selwer ze beschäftegen.

Dat gëtt och ëmmer méi gefrot“, erkläert d’Tessy. Da gëtt et och nach Aquagym 60+  fir eeler Leit, Zumba fir jiddereen oder „Maman, Papa et Bébé“ wou d’Eltere mat hire Klengsten zesummen de Sport entdecken.

Grouss Evenementer

Déi meescht Escher kennen d‘Espérance Esch och vun der Cavalcade oder hire Galaen déi zweemol am Joer stattfannen. Bei den Evenementer sinn och d‘Sweet Devils, d’Cheerleaderinne vun der Espérance Esch, oft vertrueden a suerge fir Begeeschterung. „Si hate sech esouguer 2019 fir d’Weltermeeschterschaften zu Orlando qualifizéiert. Leider sinn déi wéinst Covid ausgefall, wat eng grouss Enttäuschung war.“

Op de grousse Galae vun der Espérance Esch brilléieren si awer allemol. Hei kommen déi verschidden Turn- an Danzgruppen zesummen a weisen hire Famille wat si kënnen.

Virdeeler op ganzer Linn

Sport bedreiwen ass dem Tessy an all de Membere vum Veräi ganz wichteg. „Et léiert ee säi Kierper kennen a wéi een domat ëmgeet. Den Teamgeescht an d’Integratioun an engem Veräin sinn och wichteg“, erkläert d’Tessy. Awer och aner Virdeeler ginn et, un déi ee vläicht net direkt denkt. „Et kritt een och eng Plaz wou ee weess dass ee kann higoen. Wou een ëmmer wëllkomm ass“, seet hatt. Besonnesch fir déi Jonk ass dëst sécherlech en Atout. Wie sech da wëll nach méi staark sportlech developpéiere kann och u Kompetitiounen deelhuelen an eventuell souguer an de Nationalkader kommen. D‘Espérance Esch bitt op allefalls den idealen Accompagnement dofir.

E Bäitrag fir d’Stad Esch

Sief et elo op der Cavalcade, an der Escher Sportshal oder op hirem berüümte Gala, d’Espérance Esch ass e Veräi mat enger laanger a spannender Geschicht, deen och haut nach um héchsten Niveau aktiv ass. Déi sëllege Membere vun all Altersklassen developpéieren hei hir kierperlech, sportlech a souguer mënschlech Kompetenzen. Dass si domat e wichtege Bäitrag fir fir d’Stad Esch an hir Gesellschaft leeschten ass ee en Erfolleg dee sécherlech eng Coupe wäert ass.

Fotoen: ©Ralph Weber (Raw Pictures), ©Noêl VO (Gymnastic Pictures Luxembourg)

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom