Schlittschong fueren um Gaalgebierg

Schlittschong fueren um Gaalgebierg
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Woch schécke mer Iech op d’Pist, an zwar op d’Äispist am Déierepark.

Eng Äispist fir Esch

Am Escher Déierepark gëtt et säit 2019 eng Äispist. Si gouf deemools fir d’Wanterfest installéiert an doropshi fir déi Joren drop bäibehalen. De Succès, besonnesch bei de klengen Äisdänzer, huet den Ustouss dozou ginn. Och dëst Joer um Wanterfest vum Déierepark suergt ënner anerem d’Äispist fir Begeeschterung. Nach bis den 8. Januar kann een sech hei um „Äis“ austoben.

Syntheetesch a klimaneutral

Dass d‘Äispist dobäi syntheetesch ass, an net aus richtegem Äis, schéint dobäi keen ze stéieren. Haaptsaach ass, et kann ee gutt Schlittschong fueren. Ausserdeem verbrauch se doduerch keng Energie, an ass deemno klimaneutral. Wie wëll e klengen Tour iwwer d’Äis schwiewen, dee kann dat entweder mat sengen eegene Schlittschong maachen, oder beim Personal vum Déierepark froe fir e Puer geléint ze kréien.

Gratis Spaass

Entrée muss een och net bezuelen, dësen ass nämlech gratis. D’Ëffnungszäiten si Weekends vun 10 bis 18 Auer an donneschdes vu 14:30 bis 17:30 Auer. Wärend de Feierdeeg ass d’Pist zou, dofir kann een awer vum 27. Dezember bis den 8. Januar zu de Weekends-Zäiten iwwer d’Pist joen. Eng flott Aktivitéit also, déi perfekt an déi wanterlech Joreszäite passt a souwuel grouss wéi och kleng vill Spaass bereet.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom