Biergaarbechter-Musek – Traditioun a Modernitéit

Biergaarbechter-Musek – Traditioun a Modernitéit
Culture

D’Geschicht vun Esch an och vu ganz Lëtzebuerg ass déif mat der industrieller Vergaangenheet vum Minett verwuerzelt. D’Biergaarbechter-Musek ass e Veräin dee 1920 vu Mineure gegrënnt ginn ass, an dës Geschicht mat hirer Musek um Liewen hält. Fir awer net ganz an der Vergaangenheet verluer ze goen, ass d’Biergaarbechter-Musek och am gaangen sech ze moderniséieren –  e Spagat-Akt also, vun deem eis d’Diane Ascani, Presidentin vum Veräin, erzielt.

Traditioun & Gemittlechkeet

„D’Biergaarbechter hunn de Veräin deemools, den 8. Abrëll 1920, gegrënnt fir zesumme Musek ze maachen a virun allem och fir eng Plaz ze hunn, wou si sech kënnen no der Aarbecht treffen, gemittlech Zäit matenee verbréngen an dobäi ze prouwen“, erkläert d’Diane. Dëse Geescht hält de Veräin och haut nach oprecht, mat enger entspaanter Stëmmung. Et ass Méindeg Owend an net all d’Membere si pünktlech um Rendezvous. „Mär sinn do net esou streng. Natierlech sollt ee versiche mat Zäiten do ze sinn, mee dat kënnt emol vir dass et net anescht geet“, seet hatt weider.

Vill Fester

Wann se net grad am Gaange si fläisseg ze prouwen, da fënnt een d’Biergaarbechter-Musek op de sëllege Fester zu Esch oder och emol anzwousch anescht am Minett. Vun der Cavalcade, dem Hämmelsmarsch an dem Escher Krëschtmoart (LINK) bis hin zu Beneficeconcerten am CIPA, dem Ferroforum oder enger Commemoratioun vun der Entente Mine Cockerill (LINK) – D‘ „Harmonie des Mineurs“, wéi si op Franséisch heeschen, dierf ni feelen. Ronn 30 Museker suergen hei dann ëmmer fir déi richteg musikalesch Ënnerhalung, déi allkéiers mam Lidd „De Mineur“, enger Variant vum berüümten däitsche Steigerlied, ophält.

Oofwiesselungsräich Musek

„Mär spille ganz verschidde Stécker, vu méi klassesche Lidder wéi de Florentiner Marsch bis hin zu Variante vu moderne Saache wéi Michael Jackson, Phantom der Oper oder Filmmusek“, erkläert d’Diane. Dëst steet am Zeeche vun engem ganze bewosste Schrëtt a Richtung Concertsstécker, déi oft méi schwéier a méi technesch sinn, dem Publikum awer ëmmer vill Freed bereeden. Natierlech passt d’Biergaarbechter-Musek sech och ëmmer dem Evenement un. „Wa mer am CIPA eis Beneficeconcerte spillen, da sinn zum Beispill méi lëtzebuergesch Klassiker dobäi“, seet hatt. E gudde „Kättchen, Kättchen…“ dierf do natierlech net feelen.

Jonk a Modern

Besonnesch flott un der Biergaarbechter-Musek ass déi Mëschung aus Traditiounsveräin a Modernitéit. „Mär sinn en immens jonke Veräin a sichen ëmmer no neien Iddie fir eis ze moderniséieren“, seet d’Diane. Nei Stécker, nei Evenementer an nei Membere däerfen do natierlech net feelen. Och eng Jugendsektioun, déi ëmmer méi wiisst, hu si virun e puer Joer gegrënnt. Dem Veräin ass et wichteg och fir de musikaleschen Nowuess eppes ze maachen, a wann se dobäi e bëssen eppes vun der Geschicht vun „hirer Stad“ léieren, ëmsou besser. E grousse Bonus ass dass ee keng Memberskaart brauch an d’Kanner hir Instrumenter och fir näischt vun der Biergaarbechter Musek gestallt kréien. D’Elteren dierften sech doriwwer besonnesch freeën.

Vill Elan

Mat iwwerraschend jonkem Elan, ass d’Biergaarbechter-Musek säit e puer Joer dobäi sech nei ze erfannen. De Succès gëtt hinne Recht. Nodeems si nach virun net allze laanger Zäit mat just 6 Membere kuerz virum Enn stoungen, ass de Veräin elo erëm am Gaangen ze wuessen. Op kengem Fest dierfe si feelen an och den Interessi vun der lokaler Politik ass grouss. Fir nei Membere sinn si natierlech ëmmer oppen. Sou kann ee mat hinnen op Facebook, Instagram an iwwer Email liicht Kontakt ophuelen. „Mär sinn eng kleng, dynamesch an oppen Ekipp. Jiddereen hëlleft deem aneren a bréngt eppes mat“, seet d’Diane. D’Biergaarbechter-Musek selwer bréngt och ganz vill mat, musikalesch, historesch sou wéi och mënschlech.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom