Ensemble à plectre municipal – De richtegen Toun getraff

Ensemble à plectre municipal –  De richtegen Toun getraff
Culture

De Juan Carlos Muñoz ass net nëmmen Enseignant fir d’Mandolinn am Conservatoire, mee och Dirigent vum Ensemble à plectre municipal. Spezialiséiert op d’Mandolinn, ass dësen Orchester säit senger Schafung iwwert d’Grenze vun Esch a vum Lëtzebuerger Land eraus bekannt. En zeechent sech net nëmmen duerch seng musikalesch Eegenaart, mee och duerch den Engagement vu senge Memberen an och säi besonnesch héijen Niveau aus.

Wat ass eng Mandolinn?

Eng Mandolinn ass en Zupfinstrument wat am 18. Joerhonnert an Italien entstanen ass. „Et ass en Instrument mat enger immens wäit wäitverbreeter Traditioun. Am 18. Joerhonnert war et besonnesch beim Adel ganz beléift. Hautdesdaags gëtt et weltwäit gespillt. Et ass och immens villsäiteg“, seet de Juan Carlos. Sou kann ee ganz vill verschidde Stiler vu Musek drop spillen. „D’Leit mengen oft et wier just fir klassesch Musek oder esou. Mär spillen awer och zäitgenëssesch oder barock Musek zum Beispill. Och Folk, Blue Grass oder Jazz kann een drop spillen“, erkläert hie weider.

E berüümten Orchester

Säit den 80er Joren dréit den Orchester den Numm „Ensemble à plectre“, gouf awer schonn 1920 ënnert engem aneren Numm gegrënnt a genéisst hautdesdaags eng weltwäit Renommée. Bestoend aus 25 Museker vun 13 verschiddenen Nationalitéiten, dorënner 5 bis 6 Profimuseker, ass den Ensemble à plectre och weltwäit gefrot. „Mär sinn och oft am Ausland ënnerwee, zum Beispill op Tournée a Spuenien, den USA, Portugal oder Frankräich“, erzielt de Juan Carlos. Och Präisser hu si scho gewonnen. Sou war den 1. Präis deen si zu Prag gewonnen hunn, fir de Juan Carlos e ganz besonnesche Moment.

Op d’Mooss geschnidden

Den Ensemble à plectre spillt nëmme Stécker déi speziell fir Mandolinne geschriwwe sinn. D’Stécker sinn dobäi dann och ganz oft zäitgenëssesch an d’Komponiste komme mol aus Spuenien, Japan, Griicheland oder dem Rescht vun der Welt. Dëst Joer hate si souguer e „Concours international de Composition“ organiséiert wou si 35 Kompositiounen aus der ganzer Welt ageschéckt kruten. Déi dräi déi gewonnen hunn, huet den Ensemble à plectre dunn den 18. Juni am Conservatoire virgedroen.

Vun allem

Den Altersduerchschnëtt vun de Museker, schätzt de Juan Carlos relativ jonk. „Mär sinn e relativ jonken Orchester, wat ee vläicht net esou mengt wann ee Mandolinn héiert“, laacht hien. Leit déi interesséiert sinn kënnen op allefalls ëmmer Kontakt ophuelen oder bei hinne laanschtkommen. Am Moment schaffe si un engem neie Programm fir d’nächst Joer, wou ënner anerem e Gala Concert am Conservatoire de 17. Juni geplangt ass.

Ambassadeur

Als „Escher Jong“ gesäit de Juan Carlos den Ensemble à plectre och als Ambassadeur vun Esch. „Iwwerall wou mär higinn, representéiere mär och d’Stad Esch“, seet hien. Bei hirem Engagement, der Passioun an Diversitéit vun de Memberen, an der Villsäitegkeet vun der Mandolinn, treffe si do och sécher de richtegen Toun.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom