D’Eltereschoul zu Esch – En oppenen Austausch

D’Eltereschoul zu Esch – En oppenen Austausch
Education & Recherche

D’Eltereschoul ass e preventive Service vun der Fondatioun Kannerschlass an existéiert säit 2002. Et ass eng Adresse wou Eltere sech ënnertenee kënnen austauschen, zesumme mat hire Kanner oder ouni, a sech iwwer verschidden Theme ronderëm d’Erzéiung kënnen informéieren. Zu Esch, këmmert sech d’Tania Hemmer, Éducatrice graduée, zesumme mat senger Ekipp ëm d’Eltereschoul.

Erfarung deelen

Nodeems de Jean-Claude Zeimet an d’Marielle Dostert den Elterecafé 2016 zu Esch op d’Been gestallt haten, ass d’Tania 2018 bäikomm. Mat bal 20 Beruffserfarung a verschiddene professionelle Weiderbildungen, huet hatt seng ganz Erfarung mat an d’Spill bruecht. Mat vill Engagement huet hatt dunn de Service e bësse moderniséiert an un de Public zu Esch ugepasst.

„Den Elterecafé ass eng Plaz wou Elteren sech kënnen austauschen an hir Erfarunge mateneen deelen. Mär beroden an ënnerstëtzen si dobäi, dat Ganzt natierlech ëmmer am Aklang mat eise Valeuren“, erkläert d’Tania.

Eng modern Struktur

Iwwer 70 verschidden Thematike ginn an der Eltereschoul op déi eng oder aner Aart a  Weis behandelt, vum „burnout parental“ bis zu ganz individuelle Sujeten. Hir sozial Reseauen, den Internet Site, online Coursen, Elterebréiwer a souguer e Podcast suergen op ganz modern Aart a Weis fir déi néideg Reechwäit a riichte sech u jiddereen dee sech fir Erzéiung interesséiert.

„Mär probéieren eis ëmmer ze entwéckelen an un nei Situatiounen unzepassen. Sou si mär  och emol op Spillplazen oder am Park ënnerwee fir de Kontakt mat den Elteren ze sichen. Et ass awer keng Therapie mee éischter en oppenen Austausch an der Grupp“, seet d’Tania.

Wichteg Valeuren

Den Zilpublikum ass ganz verschidden an den Austausch hëlt och ganz verschidde Formen un. Déi eng Leit komme reegelméisseg, déi aner wann se konkret Froen hunn. „Jidderee kann eis Froe stellen. Déi meescht Leit komme gäre mat hire Kanner an den Elterecafé fir zesummen e schéine Moment ze verbréngen“, erzielt d’Tania.

Ob am Elterecafé oder zum Beispill engem Theemenowend vun der Eltereschoul, dem Tania ass et wichteg dass ee sech wuel fillt. „Et gëtt een net jugéiert, wat ganz wichteg ass, an dem Ëmgang ass ëmmer zu 100% respektvoll. Mär sinn do fir ze hëllefen, fir ze ënnerstetzen an den Elteren zur Säit ze stoen“, seet d‘Tania.

Wéini a wou?

Den Elterecafé zu Esch ass dënschdes a mëttwochs vun hallwer 3 bis hallwer 6 op an donneschdes moies vun hallwer 10 bis hallwer 12. Wärend de Schoulvakanze changéieren dës Horairen awer gären. Dofir mellt Iech einfach bei der Eltereschoul wann Där Froen zu hirer Offer, den Ëffnungszäiten oder engem spezielle Sujet a punkto Erzéiung hutt. Dat kann ee per Telefon um 59 59 59 – 51 maachen oder per Email op eltereschoul-esch@kannerschlass.lu. Och op Facebook an Instagram kann ee si ouni Problem erreechen a sech esou, zesummen, fir eng gutt Erzéiung fir Grouss a Kleng asetzen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom