MAD Lettrage – Design a Motiver fir Esch

MAD Lettrage – Design a Motiver fir Esch
Entrepreneuriat & Innovation

Den David Gonçalves huet 32 Joer, dräi Kanner an zéng Joer Beruffserfarung. Am Juli 2020 huet hie sech mat senger eegener Firma „MAD Lettrage“ selbstänneg gemaach. „Am Ufank hunn ech lues a lues ugefaangen an nach gläichzäiteg bei mengem fréiere Patron geschafft. No e puer Méint du konnt ech mech awer komplett op MAD Lettrage konzentréieren“, seet hien.

Déi richteg Motiver

MAD Lettrage ass virun allem am Bepeche vu Gefierer spezialiséiert. „Do entwéckele mär dann de Schrëftzuch, d’Reklamm oder de Logo vum Client fir en dann op en Auto oder eng Camionnette ze pechen. D’Gréisst vum Gefier spillt dobäi keng Roll“, erkläert den David. A sengem Atelier huet hien dann och eng grouss Dréckmaschinn stoe wou déi entspriechend Folien erauskommen an eng Garage wou hien a säi Mataarbechter d’Gefierer da bepechen.

Op der richteger Plaz

Och op aner Plaze kann den David d’Wënsch vu senge Clienten erfëllen. „Mär bepechen och zum Beispill Vitrinne vu Geschäfter, Diere vun Dokteren, oder Änleches mat den néidegen Informatiounen oder Motiver“, seet hien. Aner Surface bereet MAD Lettrage och op. Dozou gehéieren zum Beispill grouss Panneauen, Dibond, Calicot, Batchen, Fändelen oder kleng Gadgeten. „Mär kënne fir d’Clienten alles esou personaliséiere wéi si dat gären hätten“, seet den David.

Och den Design vun de Motiver ka MAD Lettrage iwwerhuelen. Sou hu si zum Beispill Logoen oder Schrëftzich fir hir Clienten developpéiert.

Mat Passioun dobäi

Den David mécht dat Ganzt mat immens vill Leidenschaft. „Ech si frou fir moies opzestoen a ginn all Dag mat engem Laachen op d’Aarbecht. Fir mech ass dat eng Freed un deene verschiddene Projete mat verschiddene Clienten ze schaffen. Wann dann nach positive Feedback kënnt, da sinn ech richteg houfereg“, erzielt hien. Wien duerch Esch spadséiert, ka seng Aarbecht dann och op villen Ecker entdecken – mol op enger Vitrinn, mol op engem faarweg bepechten Auto dee laanschtfiert.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom