Scala – De gudden Toun

Scala – De gudden Toun
Shopping

De Music Center Scala ass scho säit iwwer 80 Joer an der Avenue de la Gare zu Esch doheem. Wann an den Ufanksjoren d’Schüler hei an d’Museksschoul gaange sinn, sou fannen d’Clienten haut modern Soundsystemer an Tëleeë fir hiert Doheem. De Gusty Lispi ass geleierten Elektroniker an huet fréier Uergele reparéiert. Haut këmmert hie sech dorëm dass bei senge Clienten doheem alles gutt kléngt.

Un d’Clientèle ugepasst

Wéi de Gusty Lispi de Scala iwwerholl huet, huet sech fir de Scala vill verännert. „Ech wosst direkt, dass et keng Museksschoul bleiwe sollt.“ De Museksproff ass awer dobäibliwwen. Haut schaffe siwe Leit am Buttek a stinn der Clientèle mat Rot an Erklärungen zur Säit. „Et bréngt näischt dem Client eppes ze verkafe wat hien net versteet an net benotze kann. De Conseil muss dofir un de Client ugepasst ginn. Och haut huet nach net jiddereen e Smartphone a kann domat gutt ëmgoen“, erkläert de Gusty.

Vun der Schallplatt bis bei de Streaming

An der Zäit konnten d’Clienten am Scala iwwer 35.000 CDen duerchstöberen. Fir méi Plaz fir d’Tëleeën an d’Audio Systemer ze schafen, sinn d’CDe virun 20 Joer lues a lues aus dem Buttek verschwonnen. „Lo ass e komplett geckeg, soten d’Leit dunn“, laacht de Gusty. Deemools hu si nach tëschent 200 a 500 CDen den Dag verkaf an u Streaming huet nach kee geduecht. Wann een haut op dës Decisioun zeréckkuckt, war et sécher déi richteg.

Zum gudden Toun

D’Selektioun u Produiten déi een am Scala fënnt sinn ausschliisslech haut de gamme. „Et ass Technik fir haut, muer an iwwermuer“, seet de Gusty. Bang & Olufsen, Bowers & Wilkins, Sonos a Samsung sinn nëmmen e puer vun de Marken déi een am Scala fënnt. Nieft dem Verkaf vun individuelle Geräter, erstellt d’Ekipp vum Scala awer och Sonorisatounskonzepter fir Haiser.

Do gëtt dann alles op d’Mooss installéiert an agestallt, sou dass de Client d‘Musek am ganzen Haus mam Smartphone steiere kann, sief et an der Kichen, am Buedzëmmer oder an der Stuff.

Eng Institutioun zu Esch

D’Clientë komme vun iwwerall an de Scala, souwuel hei aus dem Land, wei och aus der Grenzregioun. „Mär hunn eng grouss Stammclientèle, déi eise Service schätzen“, erzielt de Gusty. Och wann de Scala éischter aus Zoufall op der Avenue de la Gare zu Esch ass, ass et awer eng Plaz déi si net vermësse wéilten. „De Scala ass zu Esch entstanen a bléift och hei.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom