Centre Formida – E wäertschätzenden Ëmgang

Centre Formida – E wäertschätzenden Ëmgang
Education & Recherche

Ee vun de ville Projete vun “arcus Kanner, Jugend a Famill a.s.b.l.”, déi als Zil de Schutz an d’Ënnerstëtzung vu Kanner, Jugendlechen an hire Familljen huet, ass de Centre Formida zu Esch. Dëst ass en Zentrum fir Bildung a kreatiivt Léieren, wou de wäertschätzenden Ëmgang mat Mënschen a Ressourcen am Mëttelpunkt steet.

Pedagogesch Ziler

D’Viviane Hansen ass Chargée de Direction a säit 2018 am Centre Formida. Mat vill pedagogescher Erfarung, ënner anerem an engem Kannerheem, setzt d’Viviane sech fir d’Entwécklung an den erfollegräiche Parcours vun de Jonken am Centre Formida an. Am Gebai wou fréier d’Arbed hir Buggie reparéiert huet an duerno d’Menuiserie Lavandier geschafft huet, ginn haut pedagogesch Ziler verfollegt.

Den Här Lavandier wollt nodeems hien hei opgehalen huet, dass d’Plaz fir sozial Zwecker genotzt gëtt an esou ass et zu der Kollaboratioun mat arcus komm.

En éischt Zil

De Centre Formida verfollegt zwee Ziler, wouvunner dat éischt an d’Kategorie Bildung oder Educatioun fält. Et geet drëms Jugendlecher ab 16 Joer déi amgaange sinn d’Schoul ofzebriechen, oder kuerz virdru stinn, opzefänken an hinnen eng aner Struktur ze bidden. „Hei léieren si technesch a sozial Kompetenze fir si dann duerno ze orientéieren“, erkläert d’Viviane. An dësem Kontext schafft de Centre Formida haaptsächlech mat zwee Lycéeën zesummen.

„Et kann een awer och kommen, wann een näischt huet“, seet d’Vivane nach. Et ass deemno keen Ausbildungszentrum, mee eng liewensorientéiert pre-berufflech Ausbildung.

En zweet Zil

Dat zweet Zil dréit sech komplett ëm d’Thema Nohaltegkeet. „Ewech vum Verbrauch bei de Gebrauch“ ass hei de Slogan vum Centre Formida. „Zesumme mat verschiddene Partner aus der Industrie huele mär Materialien op, déi soss géingen ewech geheit ginn, zum Beispill wéinst minimale Feeler un der Form oder der Verpackung, a benotzen déi an eisen Aktivitéiten“, seet d’Viviane.

Jugendlecher déi an hiren Ateliere pedagogesch betreit ginn, schaffen also mat dësem Material a léieren esou de respektvollen Ëmgang mat de Ressourcen.

E pedagogeschen Zentrum

Och fir aner Pedagogen ass de Centre Formida eng wichteg Ulafstell. Hei kënne si zum Beispill och Rechtmaterialien an de „Kiosk“ siche kommen an dës fir hir eegen edukativ Aktivitéiten, zum Beispill an enger Maison relais, benotzen. „Si kréien och Beispiller gewise wéi mär dës an eisen Aktivitéite benotzt hunn, a wéi si et eventuell kënne maachen. Och Formatiounen an deem Beräich bidde mär un“, erzielt d’Viviane.

D’Schlësselelement vum Centre Formida ass deemno dës eemoleg Kombinatioun aus Nohaltegkeet a Pedagogik.

Villsäiteg Aktivitéiten

D’Aktivitéiten am Zentrum sinn dobäi immens villsäiteg. „Mär schaffen och vill mat Medien, zum Beispill fir en CV ze maachen. Oder mat Fotoen, 3D Drucker, Videoen oder Änlechem“, erkläert d’Viviane. Dobäi kommen eng ganz Rei handwierklech Ateliere ronderëm Holz, Metall an Elektrik. Geleeëntlech kommen déi Jugendlech och zesumme fir u spezielle Projeten ze schaffen. Sou hu si zum Beispill en Deel vun de Miwwele vun der Schmëdd entworf a gestalt.

„Dobäi geet et och drëms deene Jonken eng gewësse Verantwortung ze iwwerloossen an si um ganze kreative Prozess ze bedeelegen. Dat Ganzt natierlech ëmmer a Betreiung vun eisem Personal“, seet hatt weider.

Partner sichen

De Centre Formida ass och ëmmer motivéiert fir mat neie Partner zesummenzeschaffen. „Nei Begleedsystemer kënnen eis kontaktéiere fir Jonker bei eis ze orientéieren, Partner aus der Industrie kënne sech melle wann se Material fir eis hunn, wat mer gebrauche kënnen, a pedagogesch oder kulturell Strukture kënnen ëmmer heihi komme fir déi Formatiounen déi mär ubidden“ erkläert d’Viviane.

Déi Jonk op hirem Wee ze begleeden an ze orientéieren, an d’Wichtegkeet vun der Nohaltegkeet a Ressourceschounung ze verbreeden, sinn kollaborativ Aktivitéite wou vill Acteuren zesummekommen.

Gutt encadréiert

Fir eng zousätzlech Stabiliséierung um Bildungswee vun de Jugendlechen, bitt de Centre Formida och e klengt Internat un, wat allerdéngs just wärend de Schoulzäiten op ass. Fir heihinner ze kommen, mussen d’Schüler an engem vun de Partnerlycéeën ageschriwwe sinn. Fir de Centre Formida allgemeng, ass et dem Viviane awer wichteg ze erwänen, dass jidderee sech ka bei hinne mellen deen de richtegen Alter fir hir Struktur huet (ab 16 Joer). „Jiddereen dee sech well drop aloosse bei eis ze kommen, ka sech emol mellen an da fanne mär e Wee“, seet hatt. Gutt encadréiert sinn se am Centre Formida op allefalls.

Méi Informatiounen iwwert de Centre Formida fannt Dir op www.formida.lu.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom