Atelier Raclette – Méi Kreativitéit zu Esch

Atelier Raclette – Méi Kreativitéit zu Esch
Shopping, Culture

D’Irina Moons an d’Simone Lazzaretti hunn d’lescht Joer am Mee hiren Atelier Raclette opgemaach a bréngen domat eng weider Portioun Kreativitéit an d’Dicks Strooss; vun däer hierem kreativen Entwécklungspotenzial déi zwee iwwerzeecht sinn. Méi dozou awer eréischt méi spéit. Dat Wichtegst ass hei op alle Fall, dass et bei hinne keng Raclette gëtt. De Numm ass nämlech e Wuertspill an eng Undeitung un d’Rakel, also Raclette, déi beim Siebdrock zum Asaz kënnt.

Leidenschaft

De Siebdrock, och nach Sérigraphie genannt, ass eng Passioun déi d’Irina an d’Simone verbënnt. D’Irina hat fir d’éischt virun ongeféier siwe Joer e Stage an engem Atelier protegé gemaach wou mat Siebdrock geschafft ginn ass, a war vun Ufank u begeeschtert. D’Simone hat d‘Sérigraphie schonn am Lycée entdeckt an ass säitdeem e grouss Fan vum Drockverfahren an och vu Kënschtler wéi dem Andy Warhol, déi domat geschafft hunn.

„Et ass enorm faszinant, well een ëmmer erëm nei Saachen entdeckt. Et léiert een duerch d’Experimentéieren a fënnt ëmmer nei Tricken an Techniken. Et ass verréckt“, seet d’Simone.

Méi wéi en Atelier

D’lescht Joer dunn hu si sech zesumme gedoen an en Atelier gesicht wou si kënne kreativ schaffen. „Et ass op fir de Public. Mär bidde Workshoppen un, hunn e klenge Shop wou mär Grafiken an Illustratioune verkafen, an hei ass och eise Büro wou mär schaffe kënnen“, erkläert d’Irina. Hir zwee Muppe maachen sech et dann och gären nieft am Büro gemittlech wann hir Meeschterinne fläisseg schaffen.

Dozou kënnt, dass si am Atelier Raclette och verschidde Servicer op Commande ubidden. „Do ass alles dobäi wat a Richtung Grafik Design geet vu Corporate Design bis speziell Biller fir ze verschenken zum Beispill“, seet d’Irina.

Workshoppen

D’Workshoppen déi den Atelier Raclette bitt dréinen sech dann och haaptsächlech ëm de Siebdrock. „Et ass eng Technik wou och Leit déi sech vläicht selwer als manner kreativ gesinn, zum Beispill well si net mole kënnen, eppes Kreatives schafe kënnen“, seet d‘Simone. D’Workshoppe ginn hinnen d’Méiglechkeet dës Passioun mat aneren ze deelen.

Si géinge sech awer freeë wann aner Leit mat Iddie komme fir Workshoppen unzebidden oder wa si kéinten eppes mat edukativen Ariichtunge wéi Schoule maachen. Dofir wäerte si hir Ekipp och deemnächst verstäerken.

Teamwork

An Zukunft kënnt nach eng drëtt Persoun fest dobäi a fir spéider wënschen déi zwee sech nach weider Verstäerkung. „Spéider soll et eng véiert Persoun ginn, déi awer ëmmer eng aner ass. Et soll sou eng Aart International Kënschtlerresidenz entstoen, wou aner Kënschtler kommen a mär eis Techniken an Iddien deelen an zesumme schaffe kënnen. Déi kéinten dann och Workshoppe mat hiren Techniken ubidden“, erzielt d’Simone.

D’Begeeschterung ass grouss fir aus dem klengen Atelier eng wichteg Ariichtung an der lokaler Gemeinschaft fir kreativ Leit ze entwéckelen.

Eng kreativ Strooss

D’Irina an d’Simone vum Atelier Raclette géingen et och cool fanne wann nach méi kleng kreativ Atelieren an der Dicks Strooss eng Plaz kéinte fannen. „Dat ass flott a wichteg fir de Quartier an fir d’Stad Esch. Vill international Stied hunn esou eng Strooss. Dat zitt och Touristen un an huet e gewësse Charme“, seet d‘Irina. „Konscht soll fir jiddereen accessibel sinn, an net just a grousse Galerie stattfannen“, seet d’Simone.

Am Atelier Raclette si Konschtintresséierter op der richteger Plaz a gi mat vill Witz a Charme empfaangen. Hei feelt et net u Kreativitéit, gudden Iddien an Engagement. Wie weess, vläicht léisst jo deen een oder deen aneren sech dovunner inspiréieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom