Pop-Up Esch – 2022 am Réckbléck

Pop-Up Esch – 2022 am Réckbléck
Shopping

De Pop-Up Esch gëtt elo säit gutt zwee Joer. Zäit also fir nees e klenge Réckbléck op déi lescht zwielef Méint ze maachen. Nodeems mer schonn d’lescht Joer eng kleng Revue vum Pop-Up 2021 mam Andrea Deidda gemaach hunn, steet hien eis och dëst Joer mat den néidegen Informatiounen zur Säit.

Positiv

„Allgemeng war 2022 e ganz positiivt Joer fir de Pop-Up Esch. E gëtt ëmmer méi bekannt bei de Commerçanten a mär kréien ëmmer méi Ufroen“, seet den Andrea. Besonnesch dat oppent Konzept vum Pop-Up, den interessante Loyer, déi gutt Lag an d’Mëschung vun de verschiddenen Aussteller gefält hinne gutt. Ëmmer méi kleng a grouss Geschäfter melle sech, fir de Marché zu Esch an am Süde vum Land duerch de Pop-Up ze testen.

„Besonnesch ronderëm d’Feierdeeg, also Chrëschtdag oder Ouschteren, ass ëmmer alles ausgebucht“, erzielt den Andrea.

Zesummen

D’Konzept dass vill verschidden Aussteller gläichzäiteg am Pop-Up Esch kënne sinn, ass eenzegaarteg a vu Virdeel fir jiddereen. „De Fait dass bis zu siwe verschidde Commerçanten hei gläichzäiteg kënnen ausstellen ass fir si, sou wéi och fir d’Clienten, eng gutt Saach. D’Leit léiere nei Saache kennen, wa si erakommen an d’Commerçante kréien nei Clientë well déi vläicht deen een Aussteller kucke kommen an dann nach déi aner gesinn“, erkläert den Andrea.

Sou huet jiddereen eppes dovun. Vill Clientë kommen och reegelméisseg era kucke wat et Neies gëtt.

Gutt Bilanz

Ëm déi 60 verschidden Entreprisen hunn am Joer 2022 am Pop-Up Esch zäitweis en Doheem fonnt. Verschiddener ware scho virdrun hei a kommen ëmmer erëm gären zeréck. „Wéi viru kuerzem hei Bagels verkaaft goufen, stoungen d’Clienten zerguer moies a mëttes virum Escher Pop Up an der Schlaang fir eranzekommen“, erzielt den Andrea.

Weider esou

Fir d‘Zukunft ass den Andrea optimistesch. „Ëmmer méi grouss Entreprisen interesséieren sech och fir de Pop-Up Esch an teste gären de Marché fir hir Produiten hei. Och aner Aktivitéiten, wéi d’Allegemengwuel Agence, hunn eng Méiglechkeet sech hei ze presentéieren“, erzielt den Andrea. Och an Zukunft solle si hei eng Platform hunn, eng Aart Sprangbriet fir zu Esch hir Produiten a Servicer virzestellen oder sech ënner Ëmstänn zu Esch an Ëmgéigend ze etabléieren.

Wärenddeems hunn d’Escher eng Plaz wou si ëmmer erëm eppes Neies kënnen entdecken – eng „Win-Win“ Situatioun also.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom