Et gi vill gutt Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier schécke mer Iech an d’Kulturfabrik, méi genau gesot an d‘Ratelach, fir eng eemoleg Ausstellung ze entdecken.
Den Artist

De Charl Vinz ass zu Lëtzebuerg gebuer an a Frankräich opgewuess. Seng Passioun ass et, seng Kreativitéit visuell auszedrécken. Passionéiert vum Zeechnen, huet hien des Leidenschaft besonnesch wärend dem Confinement 2020 weider exploréiert. Seng Illustratioune – oft vum Lëtzebuerger Nuetsliewen inspiréiert – konnt ee bis elo schonn op Postkaarten oder am Lëtzebuerger Land entdecken.
D’Ausstellung

Vum Januar 2023 un, realiséiert de Charl Vinz all Mount eng nei Illustratioun fir de Programm vun der Kulturfabrik. Fir d’Inauguratioun konnt hien sech dann och schonn op de Mauere vum Ratelach austoben. „Zeechnen ass eng gutt Méiglechkeet, Noriichten a global Beweegungen ze verschaffen, et ass eng Méiglechkeet net direkt op de Kaméidi vun de Medien ze reagéieren“, erkläert de Charl.
Dobäi kann een natierlech och sëllegen aner Wierker vun him entdecken. D’Theema vun der Ausstellung ass „La Foule“, also grouss Masse vu Leit, déi de Charl faszinéieren, well do ëmmer spannend Saache geschéien.
Am Ratelach

Wärend den normalen Ëffnungszäite vu 17 bis 1 Auer, kann een also gemittlech laanschtkommen a bei engem gudde Patt seng Wierker ukucken. Vläicht reege se jo och déi eng oder aner Diskussioun un, sinn se dach zu 100 Prozent an der Realitéit verankert. Wien sech fir dës spannend Ausstellung interesséiert, huet nach bis de 4. Mäerz Zäit sech op de Wee an d’Ratelach ze maachen.
Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.