Uelzecht MOBIL – Gemittlech ënnerwee

Uelzecht MOBIL – Gemittlech ënnerwee
Découvrir, Le saviez-vous?

Wien kennt en net? Den Uelzecht MOBIL misst an Tëschenzäit jidderengem bekannt sinn, deen am leschte Joer an der Uelzechtstrooss war. Well en ëmmer esou léif schellt wann e laanscht fiert, gëtt den autonome Bus vun de Geschäftsleit an der Uelzechtstrooss och nach „Bimmelbus“ genannt. Viru kuerzem ass seng Testphas och op en Enn komm, wat awer net heescht dass en elo net méi weiderfiert.

En europäesche Projet

Den Uelzecht MOBIL gëtt et säit September 2021 wou en am Kader vum Projet H2020 AVENUE vun der europäescher Unioun an Zesummenaarbecht mat der Busfirma Sales-Lentz seng Inauguratioun gefeiert huet. Dëse Projet soll d’Machbarkeet an d’Utilitéit vun autonome Gefierer op europäeschem Niveau testen a kucke wéi dës an den urbane Milieu kënnen agebaut ginn. E flotte Bonus dovunner ass dass de Betrib vum Uelzecht MOBIL mat null Emissiounen auskënnt.

Schluss vun der Testphas

Den Testbetrib ass awer Enn 2022 ofgeschloss ginn, well den europäesche Pilotprojet dunn och eriwwer war. An deem Kader ass och den On-Demand Service ofgeschalt ginn, mat deem een de Bus reservéiere konnt. D’Conclusioun vun der Testphas war nämlech, dass d’Navette ganz zouverlässeg funktionéiert huet an esouwuel beim Public wéi och den Escher Geschäftsleit gutt ukomm ass. Insgesamt ongeféiert 10.000 Leit hunn en dann och am Joer 2022 benotzt, wat jo en uerdentleche Bilan ass.

Wéi geet et weider?

Baséierend um positive Feedback vun der Testphas, fiert den Uelzecht MOBIL elo emol déi nächst sechs Méint op Wonsch vun der Stad Esch weider. Besonnesch fir Leit déi e bësse manner gutt ze Fouss sinn, ass d’Navette immens praktesch fir bei d’Geschäfter an der Uelzechtstrooss ze kommen. En änleche Projet kënnt och an e puer Méint op Esch-Belval. Hei soll eng autonom Navette vun der CFL, en änleche klenge Bus wéi den Uelzecht MOBIL, an éischter Instanz emol d’Gare vum Belval mat der Universitéit a mam Lycée verbannen.

Vläicht fënnt dës jo en änlech positiven Echo wéi de „Bimmelbus“ an der Uelzechtstrooss. 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom