D‘Duebeldeitegkeet an d‘Rita Martorell

D‘Duebeldeitegkeet an d‘Rita Martorell
L'idée du weekend

12.01.2023 – 04.02.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier muss een op Zack sinn, well d’Ausstellung vum Rita Martorell an der Galerie Schlassgoart leeft just nach bis de 4. Februar. Dofir lount et sech awer ëmsou méi déi spannend Wierker vun der spuenescher Artistin ze entdecken.

Konscht aus Spuenien

Fir déi éischt Ausstellung am Joer 2023 huet d’Galerie Schlassgoart sech a Richtung Süden orientéiert a bréngt d’Wierker vun der spuenescher Fotografin a Kënschtlerin Rita Martorell an hir véier Wänn. Säit dräi Joerzéngten ass d’Rita schonn iwwer d’Grenze vun hirer Heemescht eraus bekannt, mat villen internationalen Ausstellungen an Europa, dem Noen Osten oder den USA. A Spuenien ass si ënner anerem duerch hir Serie vu Portraite bekannt, an deene berüümt spuenesch Personalitéiten ofgebillt sinn.

Eng nei Ausstellung

An der Galerie Schlassgoart stellt d’Kënschtlerin elo hir neiste Wierker an der Ausstellung „The double meaning of Rita Martorell“ (D‘Duebeldeitegkeet vum Rita Martorell) aus, wou nieft de Fotoen och digital Wierker an Techniken zum Asaz kommen. Sou entsteet eng eenzegaarteg Symbiose aus Fotographie an Zeechnung. Ee Beispill dovunner sinn intim a sënnlech Wierker déi e kaleidoskopesche Bléck op d’Ofdréck déi Kierper am Bettgezei hannerloosse weisen. Dem Visiteur ass et iwwerlooss sech d’Geschicht, déi dës Biller erzielen, selwer auszedenken.

Wéini a wou?

D’Ausstellung leeft nach bis de 4. Februar an der Galerie Schlassgoart, wou een d’Wierker vum Rita Martorell nach bis dohin an engem flotte Kader entdecke kann. D’Galerie Schlassgoart ass vun dënschdes bis samschdes a vu 14 bis 18 Auer op. Wie sech also fir Fotografie, d’Konscht vum Rita Martorell oder Konscht am Allgemengen interesséiert, kann hei eppes ganz Spezielles entdecken.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an der Rubrik “L’idée du Weekend”. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom