Auto-école Youdrive – Zesummen ënnerwee

Auto-école Youdrive – Zesummen ënnerwee
Entrepreneuriat & Innovation

Mat 13 Joer Erfarung am Beruff war et 2021 Zäit gi fir de Rémi Bouvier fir seng eege Farschoul opzemaachen. „Ech wollt meng eege Farschoul an hat d’Gefill dass de Marché hei am Süden net ganz ofgedeckt war, zum Beispill wat Coursen op Englesch ugeet“, erkläert hien. Mat vill Passioun suergt hie säitdeem dofir dass esou vill wéi méiglech vu senge Clienten hire Fürerschäi kréien.

Theorie a Praxis

Wie bei Youdrive wëll säi Fürerschäi maachen, dee kann sech iwwer Email, op de Soziale Medien oder per Telefon mellen. Et kann een awer och einfach an der Farschoul laanschtgoen. „D’Theorie fënnt bei eis just op der Plaz an eisem Sall statt. Do trauen d’Clienten sech éischter Froen ze stellen an de Cours ass méi interaktiv wéi wann een dat online mécht. Sou léieren déi meescht Farschüler besser“, seet hien. Fir de prakteschen Deel muss een dann de Minimum vu 16 Stonne maachen.

E spannende Beruff

„Fir mech ass dat hei de schéinste Beruff vun der Welt, haaptsächlech och well een esou vill Leit aus der ganzer Welt kenneléiert“, seet de Rémi. D’Interaktioun mat de Farschüler ass fir hien dat Wichtegst. An de leschte Joren, op mannst huet hien esou dat Gefill, muss een de Clienten och méi mat Saachen hëllefen déi manner mam Autofuere selwer ze dinn hunn.

„Et geet oft drëms hinne Courage ze maachen, Ängschten ze huelen an dofir ze suergen dass si sech wuelfillen. Besonnesch déi Jonk hunn, mengen ech, méi Suerge wéi fréier a brauchen do Ënnerstëtzung vum Farleerer. Do muss ee sech un all Client upasse fir de beschte Service ze liwweren“, erzielt hien.

E Beruff am Wandel

Vill aner Facette vum Beruff hu sech och an de leschten zéng Joer geännert. „Déi modern Autoen hunn oft Hëllefsystemer déi am Ufank méi oflenken, wéi se hëllefen. Et ass meeschtens besser d’Basis ouni dës Systemer ze léieren“, erkläert de Rémi. Och den Trafic ass en aneren Challenge wéi fréier. „Et muss ee sech scho koordinéieren, fir dass een net just am Stau fiert an duerno den Examen huet wa kee Verkéier ass, oder ëmgedréint. Dat kann da schif ausgoen“, seet hien.

Am Süden

De Rémi selwer wunnt net zu Esch, war awer vun Ufank un sécher dass hien hei wéilt seng Farschoul opmaachen. „Hei am Süde sinn d’Leit einfach méi authentesch an d’Diversitéit vun der Stad Esch fannen ech immens spannend. Ech staunen oft, wann d’Leit mer soe vu wou si alles hier sinn. Et léiert een esou vill verschidde Kulture kennen“, erzielt hien. Och den Escher Zentrum mat de ville Geschäfter gefält him ganz gutt. „Et leeft einfach méi hei“, seet hien. Wie selwer deemnächst fueren aplaz lafe wëll, weess wou e sech melle kann.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom