Ëmmer mol eppes Neies entdecken

Ëmmer mol eppes Neies entdecken
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier entdecke mär zesummen en Ausschnëtt vum spannende Kulturprogramm, deen dagdeeglech zu Esch stattfënnt.

Musek fir all Goût

Dass Kultur all Goût uschwätze kann, erkennt ee gutt um musikalesche Programm deen zu Esch gebuede gëtt. Nieft de sëllegen, populären Concerten déi zum Beispill an der Rockhal stattfannen, ginn et och ëmmer aner spannend Evenementer. De Conservatoire presentéiert zum Beispill den a Fachkreeser weltwäit bekannte Perkussiouns-Duo Double Beats, de 25. Februar um 8 Auer. Den 10. an 11. Mäerz luet d’Harmonie Municipale Esch op e spezielle Concert zum Thema Video Games an den Escher Theater an.

Wien de Weekend keng Zäit sollt hunn, ka méindes, de 27. Februar de Concert „Un violon dans l’Histoire“ entdecken, wou déi schéinste Stécker aus Filmer ronderëm den Zweete Weltkrich gespillt ginn. Dëse Concert ass vun de Frënn vum Resistenzmusee organiséiert. Den Entree ass gratis an et gëtt eng Kollekt zu Gonschte vun der asbl LuKraine organiséiert.

Liewen a Léift am Theater

Den Escher Theater presentéiert vum 21. bis den 26. Februar d’Stéck „Life, Love & Fragments“ vun a mam Fabienne Elaine Hollwege. An engem Mix aus Theater, Lidderowend a Performance hëlt d’Schauspillerin hire Publikum mat op eng Rees duerch d’Héichten an Déiften vum haitegen Alldag vun enger Fra. Ausserdeem kann een de 25. Februar um „Re/pair your clothes!“ Workshop deelhuelen. An dësem Eltere-Kanner Atelier dréit sech alles ëm d’Weiderverwendung vu Kleeder fir déi Kleng.

An der Woch kann een am Theater och nach déi modern Danzperformance „Pénélope“ besichen, déi den 22. Februar stattfënnt. Am Kader vun dëser Opféierung gëtt den 21. och en Danzworkshop ugebueden.

Wéini, wou a wat?

Dëst ass just en Ausschnëtt vun de villen Evenementer déi een an de nächsten Deeg a Wochen zu Esch erliewe kann. De komplette Programm vun de jeeweilege Plazen, fënnt een op de jeeweilege Websäiten: Den Escher Conservatoire, den Escher Theater an d’Rockhal. Och op anere Plazen ass ëmmer eng lass, do lount et sech och mol hire Websäiten eranzeluussen oder déi aktuell Ausgab vum KultEsch ze duerchstöberen.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom