D’Escher Stadmusek – 150 Joer laang am Takt gespillt

D’Escher Stadmusek – 150 Joer laang am Takt gespillt
Culture

D’Escher Stadmusek gëtt et säit 1871 an zielt domat zu enger vun den eelste Museken zu Lëtzebuerg. Säitdeem sinn si op ville Fester a Cortègen dobäi. Och de Picadilly zu Stadbriedemes zum Beispill zielt säit Laangem zu engem vun hiren traditionelle Rendezvousen. Dëst Joer feieren si endlech hiren 150. Gebuertsdag, nodeems dëst déi lescht zwee Joer net méiglech war.

Presidentin

D’Isabelle Boultgen ass schonn 1999 an d’Escher Stadmusek komm. Deemools huet hatt mat der Klarinett am Jugendorchester ugefaangen. Fënnef Joer dono ass d’Isabelle dunn an de groussen Orchester komm. „Nodeems ech schonn oft beim Encadrement vun de Jugendleche gehollef hat, sinn ech dunn 2014 an de Comité vun der HMEsch komm“, erkläert d’Isabelle. Säit 2022 setzt d’Isabelle hir Passioun fir d’Musek als Presidentin vun der Harmonie Municipale vun Esch an.

Vill Evenementer

Als Escher ass et bal onméiglech d’Escher Stadmusek, déi 113 Musikanten an ongeféier 160 aktive Memberen zielt, ze verpassen. Wann de Programm dëst Joer besonnesch spannend ausgesäit, ass d’HMEsch och an engem normale Joer vill ënnerwee. „Vun eise Gala-Concerten am November an am Fréijoer, iwwert déi traditionell Chrëschtfeier an déi verschidde Cortègen, bis hin zu de Concerte vum Jugendorchester an hire Stage all Joer am Summer, hu mär ëmmer vill ze dinn“, erkläert d’Isabelle. Den traditionelle Concert um Picadilly gehéiert hei säit ville Joren och zu engem feste Rendezvous.

Speziell Feierlechkeeten

Dëst Joer steet awer e ganz spezielle Gebuertsdag um Plang, an zwar den 150. Gebuertsdag vun der Escher Stadmusek. Dat muss natierlech entspriechend gefeiert ginn. Hei waarden eng ganz Rei flott Evenementer op de Public, wou d’Musek mol vun der Escher Stadmusek selwer, mol vun hiren Invitéeën, also aneren Harmonien, gespillt gëtt.

„Do hu mär zum Beispill e Concert zum Thema Video Games mam Jugendorchester zesummen, e Concert de Bienfaisance fir d’Trauerwee ASBL an der Sankt Jousefskierch, eng Séance académique de 26. Mäerz an e grousse Concert an der Philharmonie den 10. Juni, deen ech besonnesch recommandéiere kann“, zielt d’Isabelle.

Dat ass awer bei wäitem nach net alles. Den 1. an 2. Juli fënnt e Birthday Music Festival op der Gemengeplaz statt, zesumme mat anere Museken aus dem ganze Land an natierlech Iessen a Gedrénks. Am Oktober ass dann nach en Éiereconcert vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) bei deem invitéiert Museksgesellschaften fir d’Escher Stadmusek (HMEsch) spillen, zum Beispill déi vu Bouneweg oder Diddeleng.

E würdegen Ofschloss mécht dann e Galaconcert am November wou Beethoven gespillt gëtt an och renomméiert Sänger hir Téin zum beschte ginn.

E Grond ze feieren

Fir d’Isabelle ass dëse schéine Gebuertsdag eng gutt Geleeënheet fir d’Geschicht vun der Escher Stadmusek ze zelebréieren. „D’Musek ass eppes wat eis alleguerte verbënnt a besonnesch och déi leit an der Musek selwer. Ech hunn all meng Kolleegen hei kennegeléiert a krut iwwert all déi Joren ëmmer Ënnerstëtzung vu jidderengem. An engem Orchester huet een och mat Leit vun all Alter ze dinn, wat ech immens wichteg fannen.“

„Et gëtt engem immens vill an ech ka jidderengem recommandéiere matzemaachen. Ofgesinn dovun, si mär natierlech frou fir jiddereen dee lauschtere kënnt“. A jiddereen ass frou fir all Lidd dat d’Escher Stadmusek eis spillt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom