Sativa Box – Vu Planzen a Medizin

Sativa Box – Vu Planzen a Medizin
Shopping

Sativa Box ass e Geschäft wat sech ronderëm Planzen dréint a virun allem den Hanf. Sativa ass de Partizip Perfekt Passiv vum latengesche Verbe serere, dat souvill wéi séiën, oder planzen bedeit. De botaneschen Numm Cannabis sativa staamt aus dem 18. Jorhonnert a beschreift haut nieft dem Indica eng vun deenen zwou Haaptsorten vum Cannabis. De Fokus an der Sativa Box läit heibäi natierlech ausschliisslech op legale Produiten déi streng vun engem gesetzlechen, europäesche Kader gereegelt a kontrolléiert ginn. De Nuno an de Chris stinn hei all Dag hannert der Théik Box a beroden hir Clientë mat vill Knowhow.

Aner Planzen

Hir Passioun fir Planzen dréint sech awer net ëmmer ëm dat berüchtegt „gréngt Kraut“. Si bidden och Produiten un, mat deenen e kann doheem am Gaart oder esouguer bannen an der Wunneng, Planzen ubauen. Si selwer ziichten domat zum Beispill Tomaten an Chili. „Sou eng Anlag huet de Virdeel dass ee ka genau kontrolléiere wat an d’Planze kënnt. Et léiert een och vill iwwert d’Natur an duerno kann een eppes iessen, wat ee selwer ugeplanzt huet. Dat gëtt engem vill Satisfaktioun“, erkläert de Nuno.

Spéider wëlle si an dësem Kader eventuell Formatiounen a Schoulen ubidden, wou si zum Beispill kéinte léiere wat eng Planz brauch fir ze wuessen.

Medezinesch Zwecker

Dës weidere bidden de Nuno an de Chris och Produiten un, déi sech u Patiente riichten déi medezinesche Cannabis verschriwwe kruten. „Mär hunn hei d’Geräter déi ee brauch fir dëse Cannabis anzehuelen. Well vill vun de Patiente méi al sinn, an déi Maschinnen e bësse méi komplizéiert, offréiere mär hei och d’Maintenance dovunner“, seet de Chris. D‘Clienten déi heivu profitéieren, si Patienten déi zum Beispill un Arthrose, Parkinson’s, Alzheimer oder änleche Krankheete leiden.

De medezineschen Hanf hëlleft hinnen dobäi ouni Chemikalien d’Symptomer ze bekämpfen.

De legalen CBD

CBD ass eng Form vum Hanf, wou keng halluzinogen Substanzen dra sinn. Dëse gëtt et zum Beispill vill a kosmetesche Produiten, Crèmen an Ueleger. „Dës Form vun CBD huet vill positiv Wierkungen an ass och ganz natierlech. D’Crème sinn zum Beispill beléift géint Ausschlag“, erzielt de Chris. Verschidde Clientë consomméieren och en Téi deen d‘Verdauung soll undreiwen, oder en Ueleg dee géint d’Péng hëlleft.

„Dës Produite si komplett reguléiert a legal an och oft bei eelere Leit beléift, fir déi verschidden aner Medikamenter ze staark sinn“, erzielt de Nuno.

Eng variéiert Clientèle

D’Clientèle vun der Sativa Box, déi am September 2022 hier Dieren opgemaach huet, ass ganz variéiert. „Et si vill eeler Leit aus der Noperschaft déi aus medezinesche Grënn kommen, awer och aner Leit déi sech fir Planzen am Allgemengen interesséieren“, seet de Nuno. An der Sativa Box kréie si alleguerten déi néideg Berodung an Hëllef vum Nuno a vum Chris. Vill vun de Clienten hu gutt Erfarunge mat legalen Hanf Produite gemaach a profitéiere dovunner, dass dës reng planzlech sinn.

„Mär si frou fir jiddereen deem mär kënnen hëllefen, sief et mat eise Produiten oder e puer gudde Conseilen“, seet de Chris.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom