Nächst Woch ass Fuesent zu Esch

Nächst Woch ass Fuesent zu Esch
L'idée du weekend

03.03.2023 – 05.03.2023

Et gi vill gutt Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier gi mer op d’Fuesent a feiere mat all de Fuesboken déi 22. Escher Kavalkad.

E lëschtege Programm

De ganze Weekend vum 3. op de 5. Mäerz sinn d’Gecken zu Esch ënnerwee. Ugefaange gëtt freides mat der Soirée Brésilienne genannt „Arraiá do Bloco Galera” op der Gemengeplaz. Hei kënnt de Süd-Amerikanesche Flair op deen zum Beispill de Karneval zu Rio esou spektakulär mécht. De 4. Mäerz dann ass den traditionelle Kannerfuesbal wou och déi kleng Boken hire Spaass wäerte fannen.

Owes dann ass d’Fues Fiesta op der selwechter Plaz, wou d’Hofnarren fir déi richteg musikalesch Stëmmung suergen.

D’Kavalkad

Sonndes de 5. Mäerz ass schlussendlech de berüümten Ëmzuch vun der Kavalkad, an dës fir 22. Kéier hei zu Esch. Um 14:15 Auer geet et mat iwwer 60 Veräiner an iwwer 1200 Participante lass. Duerch d’Victor Hugo Stross, iwwer d’rue du Canal an d’rue du Fossé bis an d’Uelzechtstrooss a schlussendlech op d’Gemengeplaz, wäert de Cortège ënnerwee sinn.

Hei ukomm, ass dann natierlech de berüümten Escher Fuesbal bis Mëtternuecht. Hei suergen den DJ Christian du Coin an d’Coverband De Pänz fir Ënnerhalung. Den Entrée ass zu all Zäitpunkt gratis.

Prett fir de Geck

Wien also zu de Fuesgecke gehéiert, deen huet elo nach eng Woch Zäit sech virzebereede fir dass en och prett ass fir ze feieren. De genaue Programm mat den Auerzäiten an all weider Informatioun, fannt dir online.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom