Centre Auditif Zigrand – Besser héieren heescht besser liewen

Centre Auditif Zigrand – Besser héieren heescht besser liewen
Entrepreneuriat & Innovation

De Centre Auditif Zigrand an der Rue de l’Eau bitt alles un, wat mat Hörapparater ze dinn huet. Vu fachlecher Berodung beim Kaf, iwwer d‘Upassung vun de klengen Apparater bis hinn zur Reparatur an dem Service Après-Vente fënnt een dat Richtegt beim Georges Zigrand a senger Ekipp. Mat vill Knowhow a Passioun suerge si fir eng besser Liewensqualitéit vun hire Clienten.

Eng Familljegeschicht

Hëllefsmëttel fir Héiergeschiedegter gëtt et scho säit dem 17. Joerhonnert. Deemools waren dat einfach Triichteren, déi d’Leit sech bei d’Ouer gehalen hunn. Eréischt mat Erfindunge wéi dem Telefon, a spéider Batterien an Transistore goufen Hörapparater méi raffinéiert a fir méi Leit accessibel. 1967 huet den Edmond Zigrand als éischten Akustiker zu Lëtzebuerg dat éischt Fachgeschäft fir Hörapparater gegrënnt.

Säit 1996 sinn si mam Centre Auditif Zigrand och zu Esch vertrueden, wou hautdesdaags de Georges Zigrand d’Geschécker vum Familljebetrib leet.

De Beruff

„En Akustiker ass wéi en Optiker, just fir d’Oueren“, laacht de Georges. An effektiv ass de Verglach net falsch. „Als Akustiker ass een dofir do fir Gehéiertester ze maachen, oder wann ee vum Dokter kënnt fir no den Ursaachen ze kucken an dann natierlech eng Léisung ze fannen“, erkläert hie weider. Dës Léisung kënnt dann a Form vun deem engen oder aneren Hörapparat, dee jee no Stäerkt och an der Gréisst wiisst.

„Hautdesdaags sinn d’Hörapparater wéi kleng Computeren, déi d’Geräischer ronderëm ganz prezis filteren. Dat ass schonn impressionant.“

Eng besser Liewensqualitéit

Et ass e Beruff deen de Georges mat ganz vill Leidenschaft mécht, net zulescht och well e gudden Hörapparat eng besser Liewensqualitéit fir de Client bedeit. An dësem Kontext ass de Service Après-Vente vum Centre Auditif Zigrand och immens wichteg. „Mär maache praktesch 90% vun de Reparaturen op der Plaz, oft och direkt virum Client. Wann hien den Apparat fir e puer Deeg misst ofginn, dann ass dat wéi wann een deen net gutt gesäit e puer Deeg kee Brëll hätt. Domat ass een immens am Confort ageschränkt“, erkläert hien.

Dëse Service an déi richteg Berodung sinn deemno och d’Häerzstéck vum Betrib.

De richtege Service

Zesumme mat senge Clienten, sicht d’Team vum Centre Auditif Zigrand ëmmer no enger flotter Léisung. „Et kuckt ee wat passt a wat de Schwéierhéirege brauch an dann test een de Apparat och. Si huelen deen dann eng Woch mat an da ginn duerno nach Upassunge gemaach“, erzielt de Georges. De Client kann och ëmmer zeréckkomme wann emol eppes ajustéiert muss ginn oder hien eng Fro huet. Falls dann awer emol méi eng laang Reparatur usteet, da kritt de Client och en Ersatz fir ze depanéieren.

Mär si frou fir all Client deem mär kënnen hëllefen. De Minetter ass vläicht méi direkt, mee dofir och méi häerzlech an dankbar“, seet de Georges. Heiansdo kënnt et dann och emol fir dass si eng Këscht Knippercher als Merci spendéiert kréien. Bei hirem Service iwwerrascht dat och net.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom