Chantier zu Esch – Eng Stad entwéckelt sech

Chantier zu Esch – Eng Stad entwéckelt sech
Découvrir

Esch ass eng Stad am Wandel. Eng Stad déi wiisst an déi sech verännert. Den Zäitalter vun der bléiender Industrie, wou d’Bierger schwéier kierperlech Aarbecht geleescht hunn an d’Direkteren a groussen Härenhaiser um Site gewunnt hunn, ass eriwwer. Esch brauch neien, moderne Wunnraum. Dëse kann natierlech net eleng funktionéieren, mee brauch och eng modern Infrastruktur fir dass d’Bierger an hirem Quartier alles hu wat si brauchen. Och déi scho bestoend Quartieren entwéckelen sech a ginn esou méi zukunftsfäeg.

E moderne Supermaart

De Supermarché Cactus deen zu Esch-Lalleng gebaut gëtt ass Deel vun engem laangjärege Projet. Domat soll en neie Wand an de Quartier kommen an d’Awunner e modernen Akafszentrum direkt an der Noperschaft kréien. Dëse soll nieft der Enseigne Cactus och e Fitness, eng Crèche an aner Geschäfter hunn. Sou kënnen d’Lallenger och emol ze Fouss akafe goen, ouni fir eng kuerz Streck mussen den Auto ze huelen.

Esou en Akafszentrum huet natierlech och eng Rei aner positiv Nieweneffekter: méi Aarbechtsplazen, e Parking mat 800 Plazen, Proximitéit zu senge Servicer an nach vill méi. An dësem Kontext falen dann och eng Rei Aarbechten un, wéi zum Beispill eng Ramp fir an de Parking. De Chantier heivir wäert wärend 14 Méint fir e Chantier an entspriechend Deviatioune suergen, dofir duerno den Accès fir an de Parking ganz accessibel gestalten.

De séieren Tram

Eng modern Stad brauch och modern Transportsystemer. Esou gëtt Esch dann och un den Tram-System vun der Haaptstad ugeschloss. Mat engem „séieren Tram“ deen nëmme 14 Minutte vun Esch bis op d’Cloche d‘Or brauch, kritt besonnesch de Beruffsverkéier eng grouss Entlaaschtung. Och fir déi eng Shopping-Excursioun an déi eng oder aner Richtung ass domadder gesuergt. Mat insgesamt 13 Statioune gëtt ausserdeem de ganze Süde vum Land direkt mat der Haaptstad  verbonnen.

Esch kritt dann hei och eng Rei Statiounen, déi dëse multimodalen Transportprojet – deen ënnert anerem och nei Velospisten virgesäit – ergänzen, dorënner eng zu Lalleng, eng am Uelzecht-Quartier oder eng bei der Uni Lëtzebuerg zu Esch-Belval. Dass et do zu gréisseren Aarbechte kënnt ass dann och net verwonnerlech. Déi positiv Aspekter, besonnesch vun de Pôle-Echangeuren, an déi resultéierend Verkéiersentlaaschtung sinn allerdéngs beträchtlech.

Grousse Projet, grousse Chantier

D‘Chantieren déi bei esou grousse Projeten entstinn, sinn net ëmmer ganz flott fir d’Awunner oder d’Beruffspendler. Se sinn awer ëmmer d’Resultat vun detailléierte Studien a laangfristege Pläng. Eng Abberzuel vu Gemengeservicer, Departementer a Ministèren ass hei am Viraus involvéiert fir d’Bierger sou mann wéi méiglech ze belaaschten. Deemno ass de wichtegste Facteur dann och op de betraffenen Awunner duerno eng Plus-value dovunner huet.

Sécherlech wäert all Escher dovunner profitéieren, wann Esch zu enger zukunftsfäeger, moderner Stad gëtt – mat den neie Quartiere Metzeschmelz a Rout Lëns, neien Akafsméiglechkeeten, neien Aarbechtsplazen sou wéi mat modernen an ëmweltfrëndlechen Transportméiglechkeeten.

Fotoen: ©Beiler François Fritsch, ©Bureau Schroeder & Associés, ©Papaya Chora Blau

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom