Bubble – E Märcheland fir Kanner

Bubble – E Märcheland fir Kanner
Shopping

Wien am Belval Plaza duerch d’Diere vum Bubble geet, dee kéint mengen e wier mam Peter Pan op d’Rees gaangen. An dësem klengen, heemleche Buttek fir Kanner a Bëbeeë gëtt een nämlech och als Erwuessenen erëm e bëssen zum Kand. D’Laurence Weis huet de Bubble gegrënnt nodeems hatt Mamm gi war, an de Besoin fir esou e Buttek gesinn huet.

Eng kleng Inspiratioun

„Mat der Gebuert vu menger Duechter war et fir mech kloer, datt ech e Buttek fir déi Kleng wéilt opmaachen. Dëse Beräich huet mech nach ëmmer faszinéiert a fir mech huet zu Lëtzebuerg en originelle Kannerbuttek gefeelt“, erzielt d’Laurence. Wéi dunn de Projet vum Shopping Center zu Esch-Belval opkomm ass, huet d‘Laurence net laang gezéckt an am Belval Plaza 1 de Concept Store Bubble opgemaach.

Erfarung

Natierlech war dat net dem Laurence seng éischt Erfarung mat engem Commerce. „Ech hu fréi ugefaangen an der Konfektioun ze schaffen an hu mech 1998 selbstänneg gemaach an en Jeansgeschäft, de Planet X, zu Esch ob der Stadhausplaz opgemaach“, erënnert hatt sech. De Planet X dierft villen Escher och net onbekannt sinn. Seng Passioun fir de Beruff deelt d’Laurence gäre mat senge Clienten.

„Ech maache leidenschaftlech gären de Leit eng Freed“, seet hatt. Am Bubble ass dat och all Dag méiglech.

Weltwäit eenzegaarteg

De Bubble ass e Concept Store mat originelle Kleeder, Spillsaachen a Kadosartikele fir Bëbeeën a Kanner. E gehéiert net wéi esou vill aner Geschäfter zu enger grousser Chaîne, mee ass weltwäit eenzegaarteg. „Ech probéieren och tatsächlech en eemolege Choix ze treffen, esou dass mär eng Mixitéit vu Produiten hunn, déi qualitativ héichwäerteg ass a soss néierens esou ze fannen ass“, erkläert d’Laurence.

Wann dann d’Ae vun de Kanner grouss liichten, ass dat fir hatt e wonnerschéint Gefill. Heiansdo liichten se dann och emol bei den Erwuessenen.

Eng gutt Mëschung

Fir ëmmer eng gutt Mëschung vu Produiten ze hunn, besicht d’Laurence och Salone wou nei Saache virgestallt ginn an huet och soss ëmmer d’Aen op fir originell Produiten an Iddien. Als Minettsdapp, ass hatt och frou säi Geschäft zu Esch ze féieren. „Ech sinn en Minettsdapp, Esch ass mäin Hafen an ech fannen et immens beräicherend, dass Mënschen aus esou ville Kulturkreesser zu Esch zesummeliewen“, seet hatt.

Si alleguerte kënnen am Bubble eppes fannen, wat hir Ae liichte léisst a si mat op eng Rees an hir Kandheet hëlt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom