Den Escher Theater – D’Highlights vun der Saison

Den Escher Theater – D’Highlights vun der Saison
Culture

Nach bis de Juli dauert déi aktuell Saison vum Escher Theater. Bis dohinner ginn et awer nach eng ganz Rei flott Highlights hei ze entdecken. Besonnesch d’Villsäitegkeet vum Programm suergt dofir, dass hei jiddereen eppes fir säi Goût fanne kann.

Op flotte Suelen

Eng Rei Danzstécker sinn definitiv kuckenswäert. „Dat Besonnescht un all Danzstéck ass, dass et all Zort vu Leit verbënnt, ouni Sprooch an ouni Grenzen. Si suergen ëmmer fir e ganz gemëschte Publikum an eng flott Ambiance“, erkläert d’Carole Lorang, Direktesch vum Escher Theater. Do gëtt et zum Beispill „Double Side“, schonn den 19. Mäerz, wou d’Dänzer:inne vum Alterballetto, déi italieenesch Meeschtere vun hirem Fach, fir e Spektakel aus reliéiser Musek a modernem Danz suergen.

Dans l‘Engrenage

De 27. Abrëll dann ass Zäit fir d’Stéck „Dans l‘Engrenage“. Hei dréint sech alles ëm d’Poursuite vum Erfolleg op all Käschten (oder och net). Dat Ganzt gëtt vu siwe Virtuose vum Breakdance mat fantastescher Prezisioun duergestallt. Rieds ass hei vun enger hypnotescher Kierpersprooch wou modernen Danz mat traditionelle Rhythmen aus der arabescher Welt verbonne ginn.

Och fir Kanner

Nieft de villen Opféierunge fir den erwuessene Public, ginn et och vill Stécker déi besonnesch déi Jonk uschwätzen. De „Ligeti project“ ass en intergenerationellen, pluridisziplinären a participative Spektakel deen iwwert déi ganz Saison 22/23 entstanen ass. D’Dänzerin Piera Jovic an d’Theatherpedagogin Anja Hoscheit bréngen hei eng Schoulklass mat Senioren zesumme fir e kreatiivt Wierk mat Danz a Musek op d’Been ze stellen. Wat dobäi Spannendes erauskomm ass, kann een den 21. Abrëll am Escher Theater bestaunen!

D’Prinzessin op der Ierbes

Den 18. Juni ass et Zäit fir „D’Prinzessin op der Ierbes“. Dëst ass eng eege Produktioun vum Escher Theater déi op der berüümter Geschicht vum Hand Christian Andersen baséiert. „D’Kënschtler:inne vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher“, heescht et am offizielle Programm. Mat vill Witz an Humor stelle si déi bekannte Geschicht an en neit Liicht a froe sech ob dat alles och esou Sënn ergëtt.

Theater fir jiddereen

Dat si just e puer vun den Highlights, déi nach bis de Juli am Escher Theater stattfannen. De ganze Programm fënnt een natierlech ONLINE. Dem Carole Lorang läit um Häerz, dass jidderee sech am Escher Theater ka wuel a wëllkomme fillen. „Eis ass et och wichteg, dass een d’Kënschtler kann emol anescht begéinen. Sou gëtt et bei Danzstécker oft en Danzcours mat den Dänzer vum Stéck selwer. Bei eisen eege Kreatioune kann een och emol eng Prouf kucke kommen oder Änleches“, erkläert d’Carole Lorang.

Wien also eng Zäitche keng Bün vun no gesinn huet, dee sollt sech de Programm vum Escher Theater ukucken, an emol bei hinnen eraluussen. Et ass definitiv derwäert.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom