LHCE Times – Neies aus dem Klassesall

LHCE Times –  Neies aus dem Klassesall
Découvrir

Op Initiativ vum Enesa Agovic an dem Viviane Weirich, alle béid Däitschprofesseschen am Lycée Hubert Clement Esch, ass 2018 eng nei Schülerzeitung entstanen.  Am Ufank gouf se nach komplett vu Fräiwëllege erstallt. Mëttlerweil fënnt dëst awer am Kader vun engem Optiounscours statt. Hei kënnen d’Schüler an d‘Schülerinne mat vill Fräiheet hir Iddien abréngen an esou e spannende Bäitrag zum Zesummeliewen an der Schoul leeschten.

LHCE Times

De Numm huet d’Schülerzeitung vun engem Schüler. D‘Élèven konnten deemols hir Virschléi eraginn, an „LHCE Times“ war den Numm deen 2018 du bliwwen ass. „Et goufen och virdru schonn emol Schülerzeitungen, wéi zum Beispill den Tëntefleck. D’LHCE Times kënnt awer elo reegelméisseg, also zweemol am Joer eraus“, erzielt d’Enesa Agovic. Eemol d’Woch treffen sech d’Schüler vun der Deuxième a vun der Première am Optiounscours a schaffen un hiren Artikele.

Mat vill Charme an enger Pëtz Humor, suergt d’Enesa dofir, dass all Bedeelegt am Optiounscours un hire Projete schaffen a steet hinne mat Rot an Dot zur Säit. Awer och Schüler a Schülerinne vun all Joergang, déi net am Optiounscours sinn, kënnen Texter eragi fir an d’Zeitung.

Formater

„D’Schüler hu praktesch komplett Fräiheet bei de Sujeten iwwert déi si wëlle schreiwen. Och d’Format kënne si sech eraussichen. Sou hu mär zum Beispill Ëmfroen, Reportagen, Kuerzgeschichten a Karikaturen“, erkläert d’Enesa. Déi leschte si besonnesch beléift, genau sou wéi déi berüchtegt Proffenzitater iwwert déi gäre gelaacht gëtt. „Mär hunn dann awer och d’Pärele vun de Schüler, also hir witzegst Feeler, fir en Ausgläich ze maachen. Am Géigesaz zu de Proffenzitater bleiwen déi awer anonym“, seet d’Enesa mat engem Laachen.

Autonomie

Déi Jonk genéissen d’Autonomie déi si am Kader vun der Schülerzeitung hunn. Si fannen et flott, dass si sech kënnen d’Sujeten eraussichen an da relativ fräi dru schaffe kënnen. Sou mécht deen een zum Beispill gären Ëmfroe fir erauszefannen, wat aner Schülerinnen a Schüler vu verschiddene Sujeten halen an eng aner Schülerin schreift gäre grujeleg Kuerzgeschichten. Och viru groussen Themen hu si keng Angscht.

Sou fënnt een an der leschter Ausgab zum Beispill en Artikel iwwert d’Fussball WM am Qatar a déi vermeintlech Korruptioun bei der FIFA.

Gäre schreiwe si och iwwer Projeten déi am Lycée stattfonnt hunn oder aner Sujeten déi Jugendlecher beschäftegen. „Et gëtt bal keen Thema wat Tabu ass. Dat Wichtegst ass, dass si kritesch un d’Sujeten eruginn“, erkläert d’Enesa. An deem Kader ginn d‘Élèven dann och motivéiert selwer potentiell Interviewpartner ze kontaktéieren. E weidere Punkt fir d’Autonomie vun de Léierenden also.

Dobäi geléiert

D’LHCE Times ass e flotte Projet, dee bei de Participantë vum Optiounscours ganz beléift ze si schéngt. Dass si am Kader vun der Schülerzeitung selwer hir eegen Iddien a Stiler kënnen abréngen ass dobäi bestëmmt de gréisste Plus. Op der anerer Säit suergt d’Schülerzeitung mol fir Ënnerhalung a Laache beim Liesen oder reegt och emol zum Nodenken no.

A wie weess? Vläicht entsteet an de Klassesäll vum LHCE jo déi nächst Generatioun vu Journalisten oder Auteuren fir den Den Escher Blog.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom