Eng Nuecht an der Maison Rosati

Eng Nuecht an der Maison Rosati
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier verbrénge mär eng Nuecht am Bësch an zwar an der Maison Rosati fir genau ze sinn. Mëtten an der wëller Natur vum Minett invitéiert dës mysteriéis Kabaische fir eng bis dräi Nuechten.

E Spadséiergang duerch d’Natur

Wie sech fir d’Maison Rosati interesséiert an hei wëll iwwernuechten, dee muss als éischt emol e Spadséiergang duerch déi wonnerschéin Natur vum Ellergronn woen. D’Haus läit nämlech ronn véier Kilometer vun der Stad Esch am „Schlassboesch“, net wäit vum Wanderwee CFL 8 an dem Naturschutzreservat Ellergronn an och nëmmen e puer Schrëtt vun der franséischer Grenz ewech. D‘Maison Rosati ass dowéinst nëmmen ze Fouss ze erreechen.

Et kann een sech allerdéngs mam Auto bei der Plaz Pierre Ponath parken a sech da vun do op den zwee Kilometer laange Wee maachen.

Geeschter an der Maison Rosati?

De Numm vun der Maison Rosati kënnt vun der selwechtgenannte Famill, deenen d’Haus fréier gehéiert huet. Si hunn an der Héichzäit vun der Industrie op dëser Plaz e Kalleksteebroch an der Fielswand bedriwwen. Ganz nobäi ass dann och deemools d’Eisen aus dem Buedem extradéiert ginn. Duerno war d‘Haus laang verlooss an deen een oder aneren Escher erënnert sech vläicht drun, dass fréier gesot ginn ass hei géing et geeschteren.

De CIGL Esch huet sech dem Mysterium schliisslech ugeholl an d’Haus a Stand gesat an dorausser déi éischte Kabaische fir Wanderer zu Lëtzebuerg gemaach.

Iwwernuechten

Wien hei wëll iwwernuechten, dee kann d’Maison Rosati fir maximal dräi Nuechten zu all Joreszäit reservéieren, zum Präis vu 50 Euro d’Nuecht an enger Kautioun vun 100 Euro. Opgepasst awer, d’Haus ass spartanesch ageriicht an et gëtt kee Stroum a kee fléissend Waasser. Et sollt een also motivéiert si fir eng authentesch an abenteuerlech Erfarung an der Natur, trotz de véier Wänn.

Dofir gëtt et awer Plaz fir véier Leit, zwee Raim mat Couchetten, engem Dësch a Bänken, véier Liter Waasser a Brennholz fir de Barbecue Grill baussen. Utensilie fir d’Geeschter ze verjoe muss een allerdéngs selwer matbréngen.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©CIGL Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom