En Handwierkerhaff fir Esch – Eng Hëllef fir d’Betriber

En Handwierkerhaff fir Esch – Eng Hëllef fir d’Betriber
Entrepreneuriat & Innovation

De 24. Mäerz 2023 gouf et matgedeelt: D’Stad Esch soll en Handwierkerhaff kréien. Dëse Projet, dee scho méi laang an der Diskussioun ass, soll et den Escher Handwierksbetriber méi einfach maachen zu Esch ze bleiwen, respektiv fir anerer sech zu Esch néierzeloossen. Mee wat genau ass en Handwierkerhaff, a wat bréngt en de Betriber?

Eng gedeelte Plaz

Wéi genau den Handwierkerhaff zu Esch wäert ausgesinn, steet zu dësem Zäitpunkt nach net fest. D’Escher Betriber, en Deel vun der ACAIE, hat virun enger Zäit schonn no esou enger Plaz gefrot wou bis zu 50 verschidde Betriber zesumme kéinten en Ënnerdaach fannen. D’Iddi ass et fir hei gedeelte Raim fir d’Betriber zur Verfügung ze stellen, sou wéi zum Beispill Raim fir Büroen oder Konferenzen, Atelieren, e Parking fir kleng a grouss Gefierer, eventuell Logementer fir Mataarbechter, Show Rooms an eng Kantin.

D‘Gebai sollt ausserdeem och nohalteg Elementer wéi eng Photovoltaik-Anlag an eng Zär kréien.

Eng reell Nofro

Den Handwierkerhaff Projet huet schonn eng Virgeschicht zu Esch. D’Escher Betriber hate viru méi laangem Interessi gewisen fir esou e Projet um fënnef Hektar grousse Grondstéck vum fréiere Gas- an Dampkraaftwierk Twinerg zu Esch ze realiséieren. Hei war dunn awer decidéiert ginn déi belsch Firma Joskin ze installéieren déi Landwirtschaftsmaschinnen hierstellt – eng Decisioun déi am Wirtschaftsministère getraff gouf, well den Terrain hinne gehéiert an net der Stad Esch.

D‘Demande no esou esou engem Projet hat awer Geheier fonnt an esou hunn déi Responsabel vun der Stad Esch sech op d’Sich no engem anere gëeegenten Terrain gemaach.

Zwou Plazen

D’Stad Esch huet elo zwou Plazen designéiert déi fir en Handwierkerhaff kéinten a Fro kommen, och wann dësen dann opgedeelt géif ginn. Déi eng Plaz wieren d’Hale vun der Metzeschmelz, direkt beim zukünftegen neie Quartier deen do entsteet, an déi aner Plaz wier en Areal beim Rond-point Éilereng mat gudder Connectioun zum regionale Stroossennetz. Dëst ass op mannst esou festgehale ginn, an e PAG fir den Deel Metzeschmelz wäert dann och den 29. Abrëll an de Gemengreit zu Esch an zu Schëffleng gestëmmt ginn.

Vill Virdeeler

D’Virdeeler vun esou enger Plaz si villsäiteg. Zum enge soll den existéierende PME d’Méiglechkeet ginn hei zousätzlech Plaz ze fannen, eppes wat mam limitéierte Bauraum zu Esch soss net einfach ass. Vill vun hinne musse bei enger méiglecher Expansioun iwwert d’Grenze vun der Escher Gemeng eraus kucken a mam Handwierkerhaff wieren hir Aktivitéiten zu Esch an noer Zukunft ofgeséchert.

Et geet also drëms déi bestoend Betriber zu Esch ze halen an och fir neier unzezéien. D’Konzept vum Handwierkerhaff steet ausserdeem ganz am Zeeche vun der lokaler Wirtschaft an der Nohaltegkeet.

Ökologesch a modern

D’Leit solle kënnen op der nämmlechter Plaz wunnen a schaffe, mat kuerze Weeër an enger héijer Liewensqualitéit. Et solle lokal Aarbechtsplaze geschaaft ginn an eng ökologesch a modern Kreeslafwirtschaft gefërdert ginn. Bis et esouwäit ass dauert et awer nach. Als éischt soll den Deel Metzeschmelz ugedriwwe ginn, wärend fir déi Plaz beim Rondel Éilereng nach Machbarkeetsstudie musse gemaach ginn.

Wéi eng Form och ëmmer den Handwierkerhaff zu Esch wäert unhuelen, fir Esch an d’Escher Betriber ass en op Allefalls elo schonn e grousse Gewënn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom