Explore Esch – En neie Site fir Esch ze entdecken

Explore Esch – En neie Site fir Esch ze entdecken
Découvrir

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Awer domadder ass hien net méi eleng. Vun elo un gëtt et een neien Tourismus-Internetsite vun der Stad Esch an dofir kucke mär eis haut den neien Explore Esch un.

Explore

Am Kader vun de Beméiunge vun der Stad Esch fir déi Escher Betriber ze ënnerstëtzen, déi lokal Wirtschaft unzedreiwen an de Public ze motivéieren fir Esch ze entdecken, ass dëse Méindeg en neie Site virgestallt ginn: Explore Esch. Dëse Sitehëllt d’Relève vum Escher Citylife Site. Escher genau sou wéi Touristen aus alle Welt déi op Esch kommen, hunn elo eng zentral Plaz wou si Informatiounen zu verschiddene Sujeten fannen, an dëst esouguer an dräi Sproochen.

Verschidde Kategorien

Explore Esch ass a verschidde Kategorien opgedeelt: Highlights, Entdecken, Iessen & Drénken, Shopping, Iwwernuechten, Konferenzraim a Mobilitéit. Esou fënnt een ganz schnell all méiglech interessant Sujeten erëm. An all Kategorie ginn et dann weider Informatiounen, Adressen a Plaze fir ze erfuerschen. Eng kleng Beschreiwung, Präisser, Ëffnungszäiten oder d’Dauer vun enger Aktivitéit ronnen dat Ganzt of. Sou huet een all Info déi ee sicht op enger Plaz.

Esch erfuerschen

Wien also dëse Weekend nach net weess wat e soll ënnerhuelen, dee kann emol um Explore Esch eraluussen. Vläicht kritt ee jo déi eng oder aner Iddi: en Architektur-Trëppeltour, e Besuch an der Schwämm, e gudde Maufel z’iessen oder déi eng oder aner Visite guidée. De Choix ass grouss. Och den Escher Blog huet natierlech eng prominent Plaz op der Homepage vun Explore Esch.

Wien also bei eise sëllegen Tipps fir de Weekend net säi Gléck fonnt huet, deen erwëscht vläicht déi richteg Iddi beim Erfuerschen vun Explore Esch.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom