De Jugendprogramm vum Escher Theater – Zesummen op der Bün

De Jugendprogramm vum Escher Theater – Zesummen op der Bün
Culture, Education & Recherche

Fir de Jonker déi sech fir Konscht a Kultur interesséieren, gëtt et de Jugendprogramm vum Escher Theater. Hei kënne Schüler vun all Alter reegelméisseg u verschiddenen Aktivitéiten deelhuelen a sech op déi eng oder aner Aart a Weis op der Bün ausdrécken. De Jugendprogramm bitt hei déi verschiddenst Projeten un, déi mol méi mat Danz, Musek oder Schauspillerei ze dinn hunn.

E pedagogescht Konzept

Fir dass dat Ganzt e pedagogeschen, roude Fuedem huet suergt d’Anja Hoscheit. Als Theaterpedagogin këmmert sech d’Anja ëm d’Organisatioun an d‘Konzeptioun vun de verschiddenste Projeten, sou wéi och den Encadrement wou de Jonken. Op spilleresch Manéier, kënnen déi Jonk sech hei ausdrécken an dobäi méi iwwert sech selwer, d’Welt ronderëm sou wéi och d’Welt vum Theater gewuer ginn.

Zwou Plazen an zwou Bünen

Säit enger Zäit steet dem Escher Theater dann och de renovéierten Ariston zu Verfügung. Dëse bitt déi néideg Raimlechkeete fir kënne pedagogesch an och aner Projeten duerchzeféieren, wann am Escher Theater déi grouss Bün mol besat ass. Natierlech dierfen déi Jonk awer och hei emol op der grousser Bün weise wat si kënnen.

An eisem Video erzielt d’Anja Hoscheit vun de verschiddenen Aktivitéiten, dem rezent opgefouerte Ligeti Projet a wéi een un de verschiddenen Aktivitéite kann deelhuelen.

De ganze Programm vum Escher Theater fannt Dir op: https://theatre.esch.lu/programme/

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom