De LOA bréngt de Bass erëm op Esch!

De LOA bréngt de Bass erëm op Esch!
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend ass et erëm esou wäit: De LOA Esch suergt mëtten am Universitéits-Quartier fir Bass, Beats a Rhythmus.

Season Opening

De Luxembourg Open Air Festival bitt och dëst Joer erëm zum Danz zu Esch. Mat enger Mëschung vun internationalen DJen a lokalen Artisten ass dëse Freideg a Samschdeg, de 5. Mee a 6. Mee, richteg vill lass. Freides suergen d’Bassjackers, Topic, Restrovision, Tarik Asadi an Empra fir d‘Beats, a samschdes Tchami, Byor, La Fuente, Marten Hørger an MBP fir déi richteg Stëmmung. An dat sinn se nach net Alleguerten.

Fir d’Amateure vun den elektronesche Kläng ass do also definitiv eppes dobäi.

Innovéiert

Tëschent den Héichiewen erwaarden d’Visiteuren dëst Joer och eng ganz Rei Neiegkeeten. Eng „Rave Cave“, inspiréiert vum „Hidden Stage“ vum leschte Joer wäert fir eng kleng Iwwerraschung suergen, dës Kéier mat Hëllef vu Schëffscontainer. Nieft dem Main Stage gëtt et dann och nach en „Inferno Stage“. Et huet een also de Choix tëschent verschiddene Bünen an deemno och verschiddene Museker.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt

An dat net ze knapp. Spezialiséiert Baren waarden op hir Gäscht, jee nodeems wat si léiwer drénken: Gin, Cocktailer, Softdrinks, Béier oder sougenannte Mocktails, also Cocktailer ouni Alkohol. Fir den Honger kann een eng kleng Rees an de „Food Village“ maachen, wou verschidden Iessstänn ze fanne sinn, ënner anerem och mat Gelato a Kaffi. An dann dierf natierlech eng „Chill Out Area“ net feelen, wou ee sech kann e wéineg entspanen.

Wéini a wou?

De LOA Esch fënnt genau wéi d’lescht Joer op der Place de l’Académie um Campus Belval statt. Wie motivéiert ass, kann och direkt aus dem Escher Stadkär mam Vëlo iwwert de Vëlodukt dohinner fueren. Freides geet et um 16:00 Auer lass a samschdes schonn um 13:00 Auer. Béid Kéiere geet et bis Mëtternuecht. Weider Informatioune fënnt een op www.loa.lu an Tickete kann een nach op https://events.liveit.io/luxembourg-open-air/loa-esch-2023/ kafen.

Fir sou richteg a Stëmmung ze kommen, kann een sech virdrun och nach den Aftermovie vum leschte Joer um offizielle Site ukucken.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Philippe Schroeder, LOA 2022

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom