Beiewoch am Kaf-Lokal – D’Beien danzen um Dësch

Beiewoch am Kaf-Lokal – D’Beien danzen um Dësch
Gastronomie, Shopping

15.05.2023 – 20.05.2023

Naja, esou oder esou änlech geet dat Spréchwuert. De Kaf Lokal organiséiert vum 15. bis den 20. Mee eng Woch wou d’Beien am Fokus stinn. Vu spezielle Platen bis zu Workshops an interessante Rencontere gëtt hei vill gebueden.

D’Bei an der Kichen

Fir de klengen an de groussen Honger ginn et wärend der Beiewoch speziell Platen wou d’Friichte vun de Beien hirer Aarbecht zum Asaz kënnt: den Hunneg. Als Entrée kann een sech hei op en „feuilleté de chèvre avec épinards et miel“ freeën, duerno gëtt et dann als Haaptplat e „feuilleté de poulet au miel, moutarde et curry“ an schliislech als Dessert e „gâteau au miel“. Wann engem do net d’Waasser am Mond zesumme leeft…

Workshops

Fir déi Jonk vun 12 bis 20 Joer gëtt och eppes gebueden. Si kënne sech fir de 16. Mee am „Happy Bee Workshop“ aschreiwen. Hei léiere si vun 15 bis 18 Auer wat een alles aus Hunneg maache kann. Hausgemaache Lutschen a Kamelle stinn hei um Plang, esou wéi personaliséiert Käerzen aus Beiewuess. Niewebäi léiert een dann och dat eent oder anert iwwer d’Wichtegkeet vun de Beie fir eisen Ekosystem.

Meet & greet

Den 20. Mee kënnen d’Amateure vun de klenge giel-schwaarz gesträifte Kolleegen sech am Kaf Lokal afannen an hei un engem „Meet & greet“ deelhuelen. De Roland Kremer ass Beienziichter a steet vun 14:30 bis 15:30 Auer mat senger ganzer Erfarung bereet fir op Froen iwwert säi Metier ze äntweren. D’Joanne Buchette, eng lokal Kënschtlerin ass vun 15:30 bis 16:30 op der Plaz.

Wichteg

De Kaf Lokal invitéiert also op eng spannend Woch zu engem wichtegen an interessanten Thema. Getrei sengem Numm ginn hei lokal Produiten an de Vierdergrond gestallt. Wien also an der Woch vum 15. op den 20. Mee nach e bëssen Zäit huet, ka roueg bis am Kaf Lokal laanscht kommen fir un enger vun den Aktivitéiten deelzehuelen oder de spannende Menü ze schmaachen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom