Culture Forest Festival am Parc Clair-Chêne

Culture Forest Festival am Parc Clair-Chêne
L'idée du weekend

13.05.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend entdecke mär de Culture Forest Festival den 13. Mee am Parc Clair-Chêne.

Kultur am Bësch

Dëse Samschdeg ass et also erëm esou wäit. De Culture Forest Festival bréngt lëschteg Stëmmung a gutt Musek an de Parc Clair-Chêne zu Esch. Ab 17 Auer kann een sech hei afannen a sech op eng ganz Rei Museker freeën, déi hei hir Téin zum beschte ginn. Do dobäi kënnt natierlech och dat richtegt Gedrénks an eng Rei Food Trucks fir de klengen an de groussen Honger.

Wien trëtt op?

Op dësem Festival vun engem Dag, fënnt sech dëst Joer eng spannend Mëschung vu verschiddene Museker an: Foreigners, Alfalfa, Sun Smash Palace, Seed To Tree, Zero Point Five an Edsun. Vun Electro-Pop iwwer RnB bis Rock gëtt also fir all Goût eppes gebueden. Och a punkto Verfleegung gëtt et eng eklektesch Mëschung: en Chili Truck, Mr & Mrs Muffles an eng gutt Pizza aus dem Uewe vum Verace.

Ticketen an Info

Wien elo op de Goût komm ass, ka sech also den 13. Mee am gréngen Häerz vum Parc Clair-Chêne afannen. Tickete ginn et natierlech och am Virverkaf op der offizieller Websäit fir 14,50€ respektiv 18,00€ wann ee méi spéit un ass. De Syndicat d’Initiatives freet sech iwwer all eenzele Visiteur a versprécht och dëst Joer erëm mat der spannender Mëschung vu Museker e richteg gudde Festival.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Culture Forest Festival

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom