Minett Stories – Eng virtuell Ausstellung

Minett Stories – Eng virtuell Ausstellung
Culture

Esch2022 ass scho virun enger Zäit op en Enn gaangen, mee de Gedanke vun der Nohaltegkeet dréit weiderhinn seng Friichten. Minett Stories“ ass eng Aart virtuell Ausstellung, déi sech a verschiddene Formater mat der Geschicht vum Minett an natierlech vun Esch ausernee setzt.

E spezielle Projet

Minett Stories“ gouf am Kader vum Projet „Remixing Industrial Pasts in the Digital Age“ vum Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) an Esch2022 op d’Been gesat. D’Resultat ass aus der Zesummenaarbecht vum Remix Team, dem Mailand-baséierten Designstudio Calibro an der Softwarefirma Inmagik aus Bergamo entstanen. Zesumme ware si méi wéi zwee Joer mat der Konzeptioun, dem Developement, de Recherchen an Uschafunge fir d‘Ausstellung beschäftegt, fir dass all Kapitel e spannend Erliefnis gëtt.

Eng virtuell Ausstellung?

D’Resultat ass eng virtuell Ausstellung, dat heescht eng Ausstellung déi online stattfënnt. Op engem interaktive Site, kann een déi verschidde Sujeten selwer entdecken an dëst an de verschiddenste Formater: Videodokumentatiounen, Graphic Novels, interaktiv Kaarten, Podcasts a Geschichte fir ze lauschteren. Do ass fir jiddereen eppes dobäi. Dat Ganzt gëtt an engem flotte visuelle Konzept virgestallt, mat engem Mosaik iwwert deen ee sech d’Sujete kann auswielen.

Eng spannend Geschicht

D’Themen déi um Site virgestallt ginn, dréine sech ëm vill verschidde Sujeten a setze sech gréisstendeels mat der Geschicht vum Minett a senger Transformatioun vun Industriestanduert zum moderne Liewensraum vun haut auserneen. Sou ginn hei d’Auswierkunge vun der „Gentrification“, der Aarbechtsmigratioun, de Wirtschaftskriisen an den ökologeschen Erausfuerderungen thematiséiert.

Sujete fir Esch

Eng ganz Rei Sujeten dréinen sech dann och ëm Esch-Uelzecht. Et kann een zum Beispill eppes iwwer d’Escher Fraebeweegung an den 1920er gewuer ginn, en interaktive Video iwwert den „Italienerquartier“ kucken, oder d‘Geschicht vun de Poliziste lauschteren déi d’Tumulter zu Esch am Joer 1918 enquetéiert hunn. Och soss taucht Esch natierlech reegelméisseg an de villen, interessante Geschichte vum Minett op. Besonnesch flott ass och de Reportage iwwert „Biller aus dem Minett“ déi vun 1959 bis 1961 am Lëtzebuerger Wort publizéiert goufen, an déi Zäit virum groussen industrielle Wandel am Minett dokumentéieren.

Eppes erliewen

Mat „Minett Stories“ kann een also d’Geschicht vum Süde vu Lëtzebuerg ganz entspaant vun Doheem aus entdecken. D’Sujete riichten sech un d’Interessi a Wëssensstänn vun all Zort vun Notzer, egal ob si sech fir Geschicht interesséieren, just virwëlzeg sinn oder duerch Zoufall um Site geland sinn. De Contenu ass an dräi Sproochen esou opbereet dass Jiddereen eppes fir säi Goût fënnt, ënnerhale gëtt an dobäi och nach Spannendes iwwert eis Regioun gewuer gëtt.

Minett Stories“ ass deemno e Besuch wäert, an dank senger virtueller Natur nëmmen e puer Klicks wäit ewech.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom