Mupptastic – D’Wuelbefanne vum Hond

Mupptastic – D’Wuelbefanne vum Hond
Bien-être

D’Noémi Hinna ass vu klengem un mat Hausdéieren opgewuess. Deemno war et fir hatt scho relativ fréi kloer dass hatt spéider och wéilt mat Déiere schaffen. Am Februar 2022 huet d’Noémi sech säin Dram erfëllt a këmmert sech an engem Coiffeurssalon fir Muppen mat vill Léift ëm d’Kolleegen op véier Been. „Mupptastic ass wierklech en Häerzensprojet vu mär“, seet hatt.

Méi wéi Hoer schneiden

Dobäi geet et awer net just ëm eng nei Coupe fir de Mupp. „Bei Mupptastic geet et virun allem ëm d’Wuelbefanne vum Hond. Ausserdeem soen ech ëmmer: wann et dem Hond gutt geet, da geet et de Leit och gutt“, laacht d’Noémi. Sou kréien d’Muppe bei him eng gutt Dusch, eng kleng Massage an dann eréischt ginn d’Hoer geschnidden. „D’Hoer sinn en Deel vun der Gesondheet vum Mupp. Dat ass immens wichteg fir dass et dem Hond gutt geet“, seet hatt. D’Aarbecht ass awer net mat all Hond d’nämmlecht.

Individuell ofgestëmmt

Genau esou wéi de Mënsch, ass och all Hond anescht. Dofir stëmmt d’Noémi d’Prozedur ëmmer op den Hond of, dëst no Récksprooch mam Client. „Verschidden Hënn hu Waasser net esou gär oder hunn Angscht viru frieme Leit. Do muss een da ganz douce virgoen an den Hond lues a lues dru gewinnen. Wann de Mupp reegelméisseg kënnt, da gewinnt e sech dorun an dann ass dat ganz entspaant“, erkläert hatt. Ausserdeem gëtt d‘Noémi de Clienten och Tipps mat op de Wee, wéi si sech doheem kënnen ëm de Mupp këmmeren. D’Aarbecht fënnt also net just mat den Hënn statt, mee och mat de Leit.

“Et kann een och ëmmer uruffe wann ee Froen huet.”

Iwwer Ëmweeër

De Wee bis zum Mupptastic war fir d’Noémi awer net ëmmer ganz einfach. Mangel un Informatiounen iwwer d’Ausbildung a keng finanziell Ënnerstëtzung fir de Studium hunn him et net einfach gemaach. „Ech hunn du niewebäi geschafft dir d’Ausbildung ze finanzéieren a sinn houfereg elo zu Esch mäi klenge Betrib ze hunn“, seet hatt. Als „Escher Meedchen“ war et kloer dass hatt an senger Heemecht géing bleiwen.

„Esch gëtt ëmmer ënnerschat. Wa gutt Wieder ass, dann ass den Zentrum och voller Leit. Fir mech war dat als Kand och en Highlight an déi lescht Jore gëtt et och eng gutt Entwécklung.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom