Boule Pétanque Clair-Chêne – Klenge Veräin mat groussem Häerz

Boule Pétanque Clair-Chêne – Klenge Veräin mat groussem Häerz
Sport

Am Parc Clair-Chêne mëtten an Esch héiert ee geleeëntlech e Klang, wéi wann zwou stole Kugele géingen openee schloen. Ma genau dat geschitt och do, wann de Boule Pétanque Clair-Chêne Veräin do spillt. Bei guddem Wieder fënnt ee praktesch all Dag eng Rei Leit vum Veräin (an och aner Hobbyisten) do, déi zesumme Boule spillen oder esouguer sech op en Turnéier virbereeden.

Schwéier ze meeschteren

Petanque, oder och nach einfach Boule genannt, ass e Sport deen einfach ze léieren a schwéier ze meeschteren ass. Nieft Millioune vun Hobbyspiller ginn et och ongeféier 600.000 lizenzéiert Spiller weltwäit. Eng gutt 80 dovunner sinn am Boule Pétanque Clair-Chêne ugemellt. „Mär zielen dobäi eng 25 aktiv Memberen déi och un der nationaler Meeschterschaft a verschiddenen Tournoien  deelhuelen“, erzielt de Jean-Paul Tintinger, President vum Veräi säit 2018.

Um Wee no uewen

Wéi de Jean-Paul viru fënnef Joer President vum Veräi ginn ass, hat hien d’Zil dem Veräin en neien Elan ze ginn. „Dat ass eis och ganz gutt gelongen an där Zäit“, seet hien. No an no sinn si opgestigen a lescht Joer ass d‘Boule Pétanque Clair-Chêne souguer Vize-Champion an der héchster Divisioun ginn. „Dëst Joer si mär nach mëtten am Championnat“, see de Jean-Paul nach.

Vollen Asaz

Fir dass si weider kënnen esou erfollegräich spillen, ass vun de kompetitive Spiller vollen Asaz gefrot. „Fir vill Leit ass Petanque kee richtege Sport, well si et just aus der Vakanz kennen. Wann ee kompetitiv spillt, brauch een awer eng immens Konzentratioun an Ausdauer“, erkläert de Jean-Paul. E Championnat dee mëttes um zwou Auer ugeet kann och emol eréischt owes géint néng Auer fäerdeg sinn.

E gesellege Veräin

Boule Pétanque Clair-Chêne organiséiert dann och zweemol am Joer Amicale Turnéieren an da sinn nach natierlech fënnef Championnatsmatcher am Parc Clair-Chêne wou si géint en anere Club spillen. „Mär ginn och reegelméisseg an d’Ausland mat zwou Ekippen international Matcher maachen. Ausserdeem engagéiere mer eis och anerwäerts hei zu Esch op verschiddenen Evenementer“, erzielt de Jean-Paul.

Fir d’nächst Joer schaffe si och op engem spannende Projet mat Audun-le-Tiche fir en Petanque Turnéier fir Persoune mat Handicap ze organiséieren.

Am Parc doheem

Boule Pétanque Clair-Chêne ass, wéi de Numm et seet, am Parc Clair-Chêne doheem. Et ass ee vun de wéinege Veräiner déi am Quartier aktiv sinn an de Jean-Paul géing sech als Escher och wënschen dass nach méi Leit aus der Noperschaft de Parc entdecken. Ëm deen een oder anere Benevol méi am Veräi géing hie sech och och freeën. „Mär sinn e klenge Veräin a wëllen och kleng bleiwen. Bei eis gëtt virun allem Frëndschaft grouss geschriwwen“.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom